
© Icarus Films
Eng nei Kinoswoch steet un an et ass eng ouni neie Blockbuster an ouni Stars a Stärercher. Mee tëscht Marvel- a Mission: Impossible-Woche muss dat och emol sinn. Et geet op Inselen a mam David an den Ozean, franséische Kino ass um Menu, europäeschen Arthousekino an et kann een d'Ouverture vum Filmfestival vu Cannes materliewen, ouni a Südfrankräich reesen ze mussen. Den Tom Dockal weess méi.
Den David Attenborough feiert geschwënn säin Honnertsten. Wat hien awer net dovunner ofhält, mat senger Stëmm a senger ganz eenzegaarteger Manéier duerch Naturdocumentairen ze féieren, fir déi hien iwwert d'Joerzéngte berüümt ginn ass. Säin neitsten, fir IMAX Kinoe produzéierte Film, weist, wéi säi Liewe mam groussen Zäitalter vun der Fuerschung vun den Ozeane korreléiert huet an dat an de Mierer de Schlëssel fir d'Rettung vum Planéit ze fannen ass. Natierlech ënnermoolt mat spektakuläre Biller.
Aus dem Mier op eng Insel geet et am Film Islands vum däitsche Filmemaacher Jan Ole Gerster, deen eng Koppel am Vakanzemodus gesäit. En Tennis-Prof schmäisst hir gereegelt Welt op d'Kopp an iergendwann verschwënnt de Mann. Wat eng Vakanz. Iergendwéi e Riff op Patricia Highsmith-Romaner à la Talented Mr Ripley a fir eng ganz Rëtsch Däitsch Filmpräisser nominéiert. Mam Tom Riley an dem Stacey Martin an den Haaptrollen.
De Film La chambre de Mariana spillt zur Zäit vum Zweete Weltkrich. D'Mariana aus dem Titel hëlt bei sech e jiddesche Jong op, deen sech hannert hirer Kummer verstoppt. D'Mariana ass eng Sexaarbechterin a gesäit dagdeeglech di däischter Säite vum Liewen, wat si net dovunner ofhält, him e Reschtfonken vu Kandheet ze schenken. D'Mélanie Thierry soll exzeptionell gutt sinn.
Am Film Les musiciens versichen e Quartett vu Museker a Stéck vun engem onbekannte Komponist zur Opféierung ze bréngen. Op Stradivarius-Sträichinstrumenter. Just fir ze realiséieren, dat e Quartett méi muss hunn ewéi um Blat gutt Museker. An Anges et Cie ass dann déi obligatoresch comédie française vun der Woch.
Am griichesche Film Stelios geet et och ëm Musek, de rumänesche Film The Year That Never Came erzielt aus de leschte Woche vum Liewen ënnert dem Ceausescu. An mat Youth: Homecoming schléisst de Wang Bing seng Trilogie vu Filmer ronderëm jonk Aarbechter a Kleederfabricken an der chineesescher Provënz.
Dann gëtt et nach zwee Bollywoodfilmer, e Concertsfilm Cornucopia vum Björk an nächsten Dënsten kann een dann um hallwer 7 den Ouverturesfilm vu Cannes, Partir un jour mam Juliette Armanet a mam Bastien Bouillon gesinn. Zäitgläich mat den happy few do ënnen op der Croisette. Mee am Ciné Utopia um Lampertsbierg.