Et ass nees esouwäit, d'Filmwelt kuckt déi nächst zéng Deeg op Cannes an op de Filmfestival. FOMO muss een awer nu wierklech keng bauen, well déi nei Kinoswoch hei Heem ass och net vu schlechten Elteren. Den Tom Dockal huet den Iwwerbléck a presentéiert kuerz déi nei Filmer op de Kinosecranen uechtert Land.

140525 Nei am Kino 15h40

Nic Cage is back. Gutt, hie war ni fort. An awer. Am Film The Surfer spillt hien e Mann, dee sengem Fils seng australesch Heemecht a virop säi surf spot weise wëll, op deem hien am zaarten Alter d'Welle geridden huet. Sur place gëtt hien awer vu coole Locals domm ugemaach an der Däiwel geschéckt an iert hien sech ëmkuckt, gesäit hien sech op engem Punkt, deen hie brieche kéint. Gebrache Wellen, Gedanken zu Hypermaskulinitéit a Cage rage – heiansdo brauch een net méi.

Esou wéi den Nicolas Cage net kléng ze kréien ass, esou ass et och mam nächste Film. D'Final Destination Filmserie ass och net vreckt ze kréien. No véierzéng Joer kënnt mat Final Destination: Bloodlines a sechste Volet eraus, bei deem Jonker versichen, dem Dout de Fouss ze stellen an dovunzekommen. Mee wann ee Final Destination-Filmer gesinn huet, dat weess een, dat et dacks ëmgedréint ass. An d'Fouss stellen net dem Dout säi Modus operandi ass.

A mat Hurry Up Tomorrow gëtt et dann och nach de Begleetfilm zum neien The Weekend-Album, dee vun engem net oninteressante Filmemaacher realiséiert, mee nieft dem Sänger och d'Jenna Ortega an de Barry Keoghan am Casting huet. Leeft als séance spécial.

Am skandinavesche Film Armand verléieren Elteren a Schoulpersonal iergendwann den Norde wéinst engem Incident tëscht dem 6-järegen Titelheld a sengem beschte Kolleeg, obschonns kee Mënsch wierklech weess wat geschitt ass. Nepotismus-Alarm dëse Film ass vum jonke Realisateur Halfdan Ullmann Tondel – dem Enkel vum Liv Ullmann a vum Ingmar Bergman.

Am Documentaire The Bibi Files ginn déi jorelaang Korruptiounsvirwërf géint den israeelesche Premier Netanyahu thematiséiert an d'Mechanisme vu senger rietser Regierung opgedeckt. An da kënnt nach e butzegen amerikaneschen Indiefilm an den Utopia, an deem eng Duechter mat sengem Papp a sengem beschte Kolleeg op e Wandertrip ginn. 

An wéi all Woch gëtt et och dës Woch e Film aus Indien. Tourist Family heescht dat. Genee esou ewéi de Film We Girls aus China. Aus allen Häre Länner an iwwerhaapt thematesch ganz verschidden. Op Cannes muss een nu wierklech net.