
© Pathé
Eng nei Kinoswoch steet un an den Tom Cruise hält engem d'Dier op. Well jo, et ass eng Woch mat engem neie Mission: Impossible-Film. En aneren Tom, den Tom Dockal steet awer och an der dir a presentéiert déi nei Filmer. Hoffe mer just, dat sech dee Bäitrag net bannent fënnef Sekonne selwer zerstéiert.
Den Tom Cruise leeft, spréngt an huet garantéiert esou eppes ewéi en death wish, ass gläichzäiteg den en Ierwe vum Buster Keaton – et ass Zäit fir e Mission: Impossible-Film, déi alles anescht ewéi onméiglech ze si schéngen. Well The Final Reckoning ass bannent 30 Joer den aachte Volet vun dëser Serie u Filmer, déi den Ethan Hunt am Ellenggang duerch déi spektakuläerst Spektakel goe gesäit. An dësem scheinbar leschte Film gëllt et fir hien, eng KI ze eliminéieren, déi drop an drun ass, e weltwäiten nuklearen Holocaust auszeléisen.
Wiem dat awer alles eng Grimmel ze opreegend soll sinn, dann huet Hollywood fir déi vun haut un awer nach e Blockbuster am Petto. An Disney well fir d'vrecken net dovunner ofhalen, Animatiounsfilmer aus hirem Katalog als live action Filmer ze remaken. Déi lescht zwee Filmer – de Lion King Sequel a Snow White - waren eng méi oder nach méi grouss Katastroph, mee vläicht ass bei Lilo & Stitch elo alles anescht. Dir wësst, d'Geschicht vun deem Miniausserierdeschen, deen op Hawaii engem klénge Meedchen säin Hausdéier gëtt. Kee mega Klassiker usech, mee den Originalfilm ass awer ganz häerzeg.
De Filmfestival vu Cannes ass nach esoubal net eriwwer – d'Gëlle Palm gëtt eréischt an e puer Deeg verdeelt – mee den Ouvertürsfilm huet et scho mol aus dem franséische Süden vun der Croisette bei eis an de Kino gepackt. Partir un jour ass den éischte Film vum Amélie Bonnin a mam Juliette Armanet an dem Bastien Bouillon an den Haaptrollen. E léiw, melancholesche Film fir déi eng, eng purge fir déi aner - ceci dit, ech schwätze vu Leit zu Cannes – dee mat Musicalnummeren à la On connait la chanson vum Alain Resnais vun dee Mënschen erzielt, déi sech no lange Joer an der Provënz erëmbegéinen. Si huet sech en neit Liewen an der Haaptstad opgebaut, hien ass do bliwwen. An alles ass net méi esou sécher.
An da gëtt mat Explanation for Everything en ungaresche Film, deen tumultuéis Libesgeschichte mat engem fait divers vun engem Skandal verbënnt, deen duerch Ungarn gaangen ass an da gëtt et nach e franséische Film mam Titel La mer au loin, deen iwwer vill Joer d'Geschicht vun engem Exiljong erzielt, deen an de fréien 90er zu Marseille ukomm ass. Et ass nu wierklech alles nees dobäi, och wann et dës Kéier keng 10 Filmer sinn.