Den Tom Cruise ass am Kino. An dës Kéier sëtzt en net hannert engem Jetfliiger, mee versicht sech nees mat enger neier onméiglecher Missioun. Déi aachte Kéier bannent bal 30 Joer. Ob déi Missiounen da wierklech esou onméiglech sinn – dat sief emol dohigestallt. Den Tom Dockal stellt eis elo op alle Fall Mission: Impossible – The Final Reckoning als Film vun der Woch vir.

240525 Film vun der Woch MISSION IMPOSSIBLE - THE FINAL RECKONING 13h40

Drësseg Joer am Agente-Business a kee Fonke Middegkeet am Gesiicht z'erkennen. Den Ethan Hunt muss nees a vläicht fir eng leschte Kéier d'Welt retten. An dofir séier lafen, an den déifsten Déiften tauchen an an den héichsten Héichten u Fligeren hänken. Den Ethan Hunt ass net vum Tom Cruise ze dissociéieren. Haut ass et vläicht och ëmgedréint, obschonns de Cruise fréier emol net dee puren Actionstar war, ewéi haut. Am ëmmerhin aachte Mission: Impossible-Film The Final Reckoning muss den Agent an all Eck vum Planéit düsen, fir d'atomar Apokalyps ze verhënneren, déi d'KI mam Numm The Entity ukënnegt. Zäit bleift dofir net, well d'KI lues awer sécher eng Atommuecht no där anerer Schachmatt setzt. 

Psychoanalytiker a Kichephsychologe stellen sech scho méi laang d'Fro zum Tom Cruise senger pulsion de mort, sengem death wish, wann ee gesäit, wat fir engen abracadabresken Geforen aussetzt, fir säi Publique z'ënnerhalen. Vum Cruise ass an dëser Hisiicht awer och e Stréch ze zéien, zeréck bei de Buster Keaton, déi sech bestëmmt gutt verstoe géifen. Mission: Impossible – The Final Reckoning well sech elo als eng Konklusioun vun dëser Filmserie verstoen. Säi Star ass quand même schonn iwwer 60. A wann de Film eppes mécht a sengen zwou Stonne 50, dann ass et dat: déi lescht 30 Joer Revue passéiere loossen. Mat Montagen, mat Apparitioune vu Personnagen – ewéi engem Personnage aus enger legendärer Schlësselzeen aus dem vum Brian de Palma inzenéierten éischte Film – an esou weider an esou virun.

RTL

© Paramount Pictures

Mee ewéi schonn de Film virdrun deet sech deen heiten d'Liewe mat Expositioun an onnéidegem Gelaaber a Plot d'Liewe schwéier. Dobäi war Plot säit de Christopher McQuarrie-realiséierten MI-Filmer dat, wat tëscht den epoustouflanten Actionsequenze de Buttek zesummegehalen huet. Mee dräi Stonnen ass net näischt. Nichtsdestotrotz huet een och hei elo nees enorme Respekt fir d'Artisanat an d'Verrécktheet vun allen Involvéierten. Eppes ass sécher: 30 Joer Mission: Impossible huet de mise en scène-Standard vun Action zu Hollywood op e ganz héijen Niveau gestallt.