Déi nei Kinoswoch matzen an der Päischtvakanz ass iwwerraschend iwwersiichtlech ausgefall. Wat awer net heesche well, dat sech ënnert de Filmer näischt Interessantes verstoppt. Vläicht kéint een dës nei Kinoswoch als Occasioun wouerhuelen, sengen ausgeschlofe Vakanzekanner an Arthouse-Kino matzehuelen. Dat mengt den Tom Dockal, deen eis déi nei Filmer virstellt.

280525 Nei am Kino 15h20

De Wes Anderson ass nees um Rendez-Vous. Mat sengem neie Poppenhaus vun engem Film, dee virun net alt ze laanger Zäit – also virun e puer Deeg eréischt – zu Cannes an der Kompetitioun seng Première hat. Den neie Wes Anderson heescht The Phoenician Scheme, huet ewéi ëmmer eng enorm Distributioun, mee et ass um Benicio Del Toro, d'Haaptroll vum räichen Entrepreneur Zsa-zsa Korda z'iwwerhuelen. Enges gudden Daags deklaréiert hien seng eenzeg Duechter, eng Nonn an engem Klouschter, zur Ierwin vu sengem ganze Räichtum. Mee Terroristen, Killer an aner Tycoons si genee esou schaarf op dee Räichtum. Soll iwwerraschend däischter Zich unhuele plazeweis. De Michael Cera ass dat neit Gesiicht am Wes Anderson senger Filmfamill.

Mat Hard Truths proposéiert de groussen englesche Filmemaacher Mike Leigh, dee viru laange Joer zu Cannes palméiert ginn ass, en neie Film. An no zwee Historiefilmer geet fir  Hard Truths zeréck an d'Haut-Zäit. Dëse Film gëtt sech als Opposé zum Film Happy-Go-Lucky vu virun ëmmerhi schonn 17 Joer. Wou an deem Film d'Haaptprotagonistin ëmmer lëschteg a gutt gelaunt ze si geschéngt huet, ass d'Figur am Zentrum vun Hard Truths just nach verbattert, granzeg an hostille géigeniwwer alles a jidderengem. Dat hält hir Schwëster awer net dovunner of, d'Liewensfreed aus hir erauszekëddelen. Wat mat vill Péng a verdrängte Gefiller ze dinn huet. D'Marianne Jean-Baptiste war schonn am Palm d'Or Gewënnerfilm Secrets & Lies ze gesinn, ma 30 Joer méi spéit soll si op mannst esou gutt sinn.

No hirem ganz efficacen Debut Talk to Me hunn Zwillingsbridder Danny a Michael Phillipou Bring Her Back realiséiert. An deem hunn zwee Geschwëster nom Dout vum Papp mat der komescher Duechter ze dinn, déi d'Pflegemamm mat sech bréngt. Ma si huet e grujelegt Geheimnis. D'Phillipou-Bridder sinn net oninteressant Filmemaacher am Horror-Genre.

Da gëtt et den traditionelle Bollywood-Film vun der Woch. Dës Kéier ass et e Film mam Numm Narivetta, d'Peppa Pig kënnt och nees eng Kéier an de Kino. Peppa rencontre le bébé a wie Loscht op enger aner Zort Familljefilm huet, dee kann sech op Festen vum Thomas Vinterberg fréeën. Zum 30 Anniversaire vun Dogme 95 gesäit dëse moderne Klassiker nees d'Liicht vum grousse Kinosecran.