
© Lionsgate
Action als Ballet, jonk Mammen an der Belsch an eng lëtzebuergesch Animatiouns-Koproduktion. Dat a villes méi bitt déi nei Kinoswoch, déi den Tom Dockal – ewéi all Woch – virzestellen weess.
Wann d'Ana de Armas am leschte James Bond Film eppes bewisen huet, dann, dat si eng exzellenten Action-Star kéint ofginn. Gutt, dat de John Wick-Univers hir eng Plaz ugebueden huet fir hiren eegene Film mam Numm Ballerina. An deem fänkt hire Personnage d'Léier zum Killer-Sinn un an dat an der Traditioun vum Film, deen seng ganz eege Reegelen huet. Am zwou Stonne Film soll et iwwer eng Stonn esou viru goen ewéi an de leschte John Wick Filmer mam Keanu Reeves, deen – ewéi den Trailer et scho verréit – optrëtt.
Fir weider bei staarke Fraepersonnage ze bleiwen: vu Cannes kënnt Jeunes mères, dat neit Sozialdrama aus der Fierder vun den Dardennes Bridder vu Léck. An deem versichen eng Handvoll vu jonke Mammen oder Fraen, déi erwaarden, trotz hire schwierege Liewensëmstänn gemeinsam d'Liewe besser ze gestalten. Mat jonken Actricen natierlech an enger ganzer Partie vun habituéeën aus der Dardennes-Filmografie.
D'Animatiounsfrënn duerfen sech dës Woch direkt zweemol freeën. Engersäits hunn d'Studio Ghibli-Fans mat Hayao Miyazaki and the Heron en neien Documentaire iwwert de Meeschter vun der Animatioun Miyazaki, deen iwwer de Realisatiounsprozess vu sengem leschte Film vun enger Filmekipp suivéiert gëtt. Anerersäits huet eng aner Autoritéit vun der Animatioun, de Jean-François Laguionie, mat Slocum et moi säi vläicht leschte Film realiséiert, dee genee esou ewéi beim Miyazaki ganz oppen autobiografesch Zich huet. A wann dat nach ëmmer net genuch wier, eng Manga-Animatioun ass och nach um Start - Dan Da Dan: Evil Eye ass och nei ze gesinn.
Mee dat ass nach net alles: am Utopia leeft neess eng Kéier e richtegen amerikaneschen Indie-Film. Peak Season ass eng romantesch Komedie. Dann gëtt et Bollywood-Kino mam Film Housefull 5, déi ägyptesch Komedie Restart a mam Film Le répondeur och nach eng comédie française. Dofir, vive an de kille Kinossall.