Hie gouf vu ville kopéiert, bleift säi Stil awer een, dee just hie selwer wierklech meeschtert. De Wes Anderson ass nees do. An huet en neie Film a senger geomeetresch propper placéierter Wallis. The Phoenician Scheme ass den eppes komplizéierten Titel vum Film, mat ënner anerem dem Benicio del Toro an der Haaptroll, deen dem Tom Dockal als Film vun der Woch ausgesicht huet.

070625 Film vun der Woch THE PHOENICIAN SCHEME 13h40

1950. De steeräichen Zsa-Zsa Korda gëtt alt nees eng Kéier vum Himmel erofgeschoss. E weidert Attentat op säi Liewe mëssgléckt. An hien iwwerliewt. De Korda ass ee vun de räichste Mënschen an Europa an huet Pläng, eng Regioun am dréchene Wüstenosten z'industrialiséieren. Dat gefält senge Konkurrenten net, déi versichen, säi Beméien ze sabotéieren. Ganz iwwerraschend decidéiert de Korda dann och, senger eelster Duechter Liesel alles ze verierwen, falls emol en Attentat sollt klappen. Mee d'Liesel ass eng Novizin an engem Klouschter, well Nonn ginn an hir Relatioun zu hirem dach extravagante Papp ass, soe mer emol, komplizéiert. Virun allem, well behaapt gëtt, hien hätt der jonker Fra hir Mamm, ewéi d'Mamme vu sengen néng anere Bouwen, ëmbruecht. Eng Abenteuer- a Familljereess geet fir déi zwee lass, bei där alles um Spill steet.

070625 Film vun der Woch THE PHOENICIAN SCHEME 13h40

De Wes Anderson ass also nees do. Fir déi eng heescht dat, esou séier ewéi méiglech am Kino ze sëtzen, fir déi aner, ewech ze bleiwen. Sou staark ass seng artistesch Identitéit, dat en esouguer vu Jonken op Tiktok kopéiert versicht gëtt. Hien ass bal eng Parodie vun engem Beispill vun deem, wat en Auteur ass. An et ass usech verréckt, dat bei all Film doriwwer diskutéiert gëtt, op deen dann elo ze vill oder ze mann Wes Anderson ass. No sengem wonnerbare Covid/Quarantän-Film Asteroid City a senge Roald Dahl Kuerzfilmverfilmungen op Netflix ass The Phoenician Scheme eng Mëschung aus Indiana Jones Abenteuerfilm a Wüsteliteratur à la Paul Bowles. Mat der obligatorescher schwiereger Papp/Kand-Relatioun an Alexandre Desplat-Fimmusek. The Phoenician Scheme ass iwwerraschend brutal, wann och déi Brutalitéit an der Wes Anderson-Komik bleift. Fir de Rescht bleift en gros, natierlech, alles beim Aalen. Déi linear Erzielweis gëtt dem Film eng Rou, mee degradéiert verschidden Optrëtter alt nees zu glorifizéierten Cameoen. De Michael Cera ass par konter en herrlech verpeilten Ajout an d'Wes Anderson-Famill an et géif mech net wonneren, wann en an Zukunft méi dacks géif opdauchen. Wes Anderson-Fans wäerten analyséieren a sech interesséieren, ewéi de Realisateur elo a senge rezente Wierker versicht, säi ganz hermetesche Stil, deen hien um Ufank net esou staark hat, mam emotionale Kär vu senge Personnagen ze verbannen. Dofir: och wann ee mengt, et wier heiansdo ze vill däers Gudden, esou bleift hanner all Witz a Komik dach eng schéi Melancholie ëmmer präsent, déi net vun der Hand ze weisen an The Phoenician Scheme absolut de Kinosbesuch derwäert mécht.