Vun Draachen, déi trainéiert muss ginn, iwwer eng Stephen King-Buchverfilmung zu engem indeschen Thriller, deen an Indie verbueden ass – kuerz virum Summer ass déi nei Kinoswoch vläicht méi iwwersiichtlech, mee net ouni Interêt. Dat mengt den Tom Dockal, deen den Iwwerbléck vun den neie Filmer am Kino huet.

110625 Nei am Kino 15h40

Virun ëmmerhi 15 Joer huet den Animatiounsfilm How To Train Your Dragon seng Mark hannerlooss. Net Pixar/Disney, mee vun Dreamworks, suivéiert dëse live-action Remake – iwweregens vum nämmlechte Realisateur gemaach – den nämmlechten Trend, mat deem Disney vill Kritik agefaangen huet. Wien also d'Geschicht kennt, gëtt op deem Niveau net weider iwwerrascht, mee aus iergendengem Grond sinn d'Kriticken bei dësem Copy/Paste-Job eigentlech gutt bis elo. De Charme vun de Personnagen ass weiderhin do. An de Gerard Butler iwwerhëlt och d'Pappe-Roll, déi an an den Animatiounsfilmer just geschwat huet.

Et ass scho beandrockend, wéi vill Filmer sech aus dem literaresche Wierk vum Stephen King déi leschte Joerzéngten erausgeschielt huet. Wann een emol bis eent vun de Bicher gelies huet, da versteet een, firwat dat esou ass. Vu Carrie, Stand By Me, The Shining, The Green Mile an Dosende méi. Mat The Life of Chuck huet sech de Mike Flanagan un eng net-Horrorgeschicht vum King gewot an där den Tom Hiddleston d'Haaptroll huet. Mosaik-aarteg gëtt d'Liewensgeschicht vun eeben dem Chuck erzielt. Vun ville Säiten als immens beréierend klasséiert. An et ass gutt, den Hiddleston emol an enger anerer Roll ze gesinn, ewéi an där vum Loki am Marvel-Universum.

Am Utopia ass den indesche Film Santosh ze gesinn, eng Thriller an deem eng frësch Wittfra de Flicen-Job vun hirem verstuerwene Mann ierft. Wann an der Géigend an där si lieft, eng jonk Fra vergewaltegt an ëmbruecht gëtt, gëtt si an dee Fall mat eragezunn. An de Film zeechent eng Uklo géint an eng Emanzipatiounsgeschicht bannent der ongerechter Gesellschaft, déi Indien ass.

Dann gëtt et nach de pakistanesche Film Love Guru an der Urdu-Sprooch, eng comédie française mam Numm Vacances forcées mat ë.a. dem Clovis Cornillac, an Johnny Hallyday Fans kënnen sech dem 2017 verstuerwene Museker säi Concert beim Äiffeltuerm an engem Concertsfilm ginn oder nach emol ginn.