
© Leonine Studios
Bei der Oscar-Iwwerreechung nächst Joer wäert et eng nei Kategorie ginn. No laange Joer ginn dann d'Efforte vun der Stunt-Community ausgezeechent. Matverantwortlech um sérieuxen Interessi un der Aarbecht vun de Stunt-Leit waren déi lescht Joer d'John Wick-Filmer mam Keanu Reeves. Dëser Deeg huet en neie Film, deen sech an deem Killer-Universum ofspillt, de Wee op d'Kinosecrane gepackt. Ballerina heescht dësen Actionfilm an den Tom Dockal stellt en eis als Film vun der Woch vir.
Wat als klénge B-Vengeance-Film ugefaangen huet, huet sech bannent kierzter Zäit zu engem lëschteg opgebauten Universum entwéckelt. En Universum, an deem méi Optragskiller ewéi net ze existéiere schéngen, mat ganz strikte Reegelen an natierlech ganz vill Geklapps a Schéissereien. Et ass dofir net ganz iwwerraschend, dat et Geschichten nieft där vum John Wick kënne ginn. Dat et dann awer och nees eng weider Vengeance-Geschicht ass, iwwerrascht natierlech och neess net. Am Zentrum vu Ballerina ass de Personnage Eve, gespillt vum Ana de Armas, deen als Kand mat eegenen Ae gesinn huet, ewéi säi Papp ëmbruecht gëtt. D'Weesekand gëtt vum Angelica Huston a sengem Internat opgeholl, an deem d'Meedercher engersäits Ballet- anerersäits Survival- a Killer-Course kréien. Eemol erwuesse mausert sech d'Eve als Optragskillerin, bis si enges Daags op Männer trëfft, deenen hir Tätowéierungen si un d'Killer vum Papp erënneren. D'Eve leckt Blutt a mécht sech op de Wee.
Am Hollywood vun haut gëtt et eng ganz Rëtsch Kollaborateuren, déi net seriö geholl ginn. An d'Stunt-Community gehéiert garantéiert zu deenen net genuch besongenen Helde vun der Filmindustrie. Jo, natierlech, et gëtt den Tom Cruise, deen alles selwer mécht. Mee dat ass déi grouss Ausnam. Wat wier Actionkino ouni dee Worf Mënschen. John Wick huet gewisen, dat wa Stuntmen de Buttek iwwerhuelen, dat duerchaus seng Berechtegung huet. Ballerina denkt dat elo weider a mécht de ganz offensichtleche Lien vun Actionchoreographie a Ballet. Kierperlechkeet an Actionstunts ginn sech d'Klensch an d'Hand, dat steet ausser Fro. An no hirem Optrëtt am leschte James Bond war d'Ana de Armas prädestinéiert, eng Actionheldin z'incarnéieren. De Film huet seng flott a verréckte Setpieces a Choreoen, den John Wick mécht esouguer en Optrëtt, mee et ass deen Optrëtt, dee weist, wat dem Film plazeweis feelt: eng Kierperlechkeet, mat där ee matgeet a sech identifizéiere kann. Well jo, am beschte Fall fillt een e Ballett. Och am Kino. Do ass nach Loft no uewen, d'Potenzial vum Ana de Armas ass nach net komplett erausgekëddelt. Nichtsdestotrotz ass Ballerina en agreabelen Actionfilm, dee Spaass mécht.