An e puer Deeg ass et esouwäit: de längsten Dag vum Joer steet virun der Dier an domadder ganz offiziell och de Summer. Am Kino heescht dat dacks, dat sech e Summerlach ukënnegt. Dat ass awer dës Woch nach net de Fall, mengt den Tom Dockal, deen eis déi nei Filmer am Kino virstellt.

180625 Nei am Kino 15h40

Et ass kee Barbenheimer, mee mat der Sortie vum Pixar-Film Elio an 28 Years Later, dem Sequel zum modernen Zombieklassiker, kéinten d'Blockbuster fir de Summer 25 net méi verschidde sinn. Am neie Pixar-Film wënscht sech de jonken Haaptpersonnage, grousse Frënn vum Weltraum, vun Ausserierdesche gekidnappt ze ginn. Zu senger grousser Iwwerraschung geschitt dat och, ma den Elio mécht sech nawell séier Frënn – wat him doheem net esou ganz geklappt huet – an iert en sech ëmkuckt, ass hie matzen dran an intergalaktesche Konflikter. Wat sech no engem spaassegen Abenteuerfilm fir déi ganz Famill ukënnegt, huet bestëmmt en emotionalen Ënnerbau am Petto, deen een zu Tréine beréiert.

Zombien am Kino sinn esou al ewéi de Kino. An 28 Days Later huet virun iwwer 20 Joer d'Fro gestallt: wat wier wann Zombien, mee séier? Den Danny Boyle an den Dréibuchauteur Alex Garland kommen zeréck an dësen Universum, deen 28 Joer nom Virus-Ausbroch spillt. Op der brittescher Insel trotzen an iwwerliewen e klenge Grupp vu Mënschen op enger Insel, déi just mat engem ganz butzege Stéck mam Festland verbonnen ass. Wa bis enges Daags awer ee vun hinnen sech a Richtung Festland mécht, fir no Äntwerten ze siche gëtt hien dat eent oder anert Geheimnis gewuer. Den éischten Trailer fir dëse Film huet zur Ofwiesslung richteg Loscht gemaach, amplaz alles ze verroden. Mam Jodie Comer, Aaron Taylor-Johnson an engem ganz beonrouegende Ralph Fiennes an den Haaptrollen.

Den éisträichesche Film Mond gesäit eng jonk Kampfsportlerin a Jordanie reesen, fir dräi jonk Duechtere vun engem steeräiche Geschäftsmann ze trainéieren. Mee eppes stëmmt net. Di jonk Fraen sinn vun der Baussewelt ofgeschott. Firwat ass si engagéiert ginn. Mam Theaterstar Florentina Holzinger an der Haaptroll.

Dann ass nach den norwegeschen Film Loveable am Kino an deem sech eng Fra no der Annonce vun enger Trennung domadder konfrontéiert gesäit, hiert Liewen op d'Rei ze kréien. Dann ass de Cédric Klapisch neess um Rendez-Vous, dee mat sengem Epochen-sprangende Familjefilm La venue de l'avenir véier Cousinen an der Hautzäit op d'Sich no der Liewensgeschicht vun enger längst verstuerwener Tatta mécht. Mat engem fette Casting an vum Klapisch an dem Ko-Zenarist geschriwwen, déi schonn zesummen En corps geschriwwen hunn. An da gëtt et nach de Bollywood-Film Sitaare Zameen. Guer näischt Summerlach also.