Fir de Film vun der Woch geet et dës Kéier net op Hollywood, mee iwwer Éisträich a Jordanien. Dohinner verschléit et d'Protagonistin vum Film Mond. Mee net fir summerlech Temperaturen ze genéissen. Wat et mat hir op sech huet, a wat si do mécht, weess den Tom Dockal, dee Mond als Film vun der Woch virstellt.

210625 Film vun der Woch MOND 13h40

Et ass batter am professionelle Sport, wann ee weess, dat et eriwwer ass, wann et Zäit ass, d'Händchen un den Nol ze hänken. Genee esou e Moment erlieft d'martial arts Kämpferin Sarah bannent den éischte Sekonnen an engem éischter bluddegen MMA Kampf. D'Karriär am Ring ass eriwwer. Mee wat maachen. Dem Sarah presentéiert sech bannent kierzter Zäit eng job opportunity – ewéi een op Neilëtzebuergesch géif soen. Dräi Duechtere vun engem steeräiche jordaanesche Geschäftsmann soll e personal trainer zur Säit gestallt ginn, fir mat hinne Kampfsport ze trainéieren. D'Sarah zéckt net a klëmmt an den éischte Fliger. Nëmme fort vun Doheem. Mee scho während der éischter Training-Session sabotéieren déi dräi jonk Fraen dem Sarah hir Aarbecht. Mee iergendeppes stëmmt an deem Haus net. D'Sarah duerf keng Fotoe maachen, näischt op social media posten, duerf net op den éischte Stack erop. An iergendwann héiert si uewen am Haus eng Stëmm. Iergendeppes stëmmt net.

Mond ass den zweete Film, an déi éischt Fiktioun vun der éisträichescher Filmemaacherin Kurdwin Ayub. Eng Filmlandschaft, déi di lescht Joerzéngte mat Haneke, Glawogger a Seidl déi mënschlech Existenz däischter opgeschafft huet. Déi nei Generatioun vu Filmemaacher ass net vun där Traditioun ze trennen, huet awer en aneren Usaz. Virun e puer Méint huet Des Teufels Bad sech als mëttelalterleche Kostümsfilm presentéiert, ma Moond vum Ayub ass e verstoppten Thriller. Am Zentrum ass déi aktuell Starregisseurin a Performerin vum däitschsproochege Bühneliewen Florentina Holzinger, déi mat enger Stoik d'Sarah spillt, déi eng perfekte Projektiounsfläch gëtt fir de Spectateur, deen sech versicht erëmzefannen an dësem Film voller Käfeger an agespaarte Kierper, déi méi oder manner konkret ënnerdréckt sinn.

RTL

© Ulrich Seidl Filmproduktion / Arti Film

Mond ass et richteg acerbe Film, dee mat der Erwaardung spillt, déi een als Spectateur géigeniwwer der Haaptfigur huet. Ka si d'Meedercher vläicht retten oder ass dat einfach just de westleche white saviour Reflex, deen usech bedenklech ass an deen eppes iwwer ee selwer erzielt? Mond ass eng roueg a beonrouegend Propositioun vun engem Film ronderëm eng Thematik, déi aktuell ass, déi awer net mat Plattitüden an einfachen Äntwerten ofhandelt. Nom Film sollt een d'Holzinger um Radar halen, well hir Spektakele wierklech ganz grousse Kino sinn.

RTL

© Ulrich Seidl Filmproduktion / Arti Film