Vu Formel 1-Autoen, schwaarzen Diamanten, engem Killerroboter an dem Heidi – déi nei Kinoswoch geet nees vun a bis. Dem Tom Dockal weess, wat vun haut un nei uleeft a verschaaft elo e kuerzen Iwwerbléck.

250625 Nei am Kino 15h40

Erënnert der Iech un Top Gun: Marverick virun e puer Joer. Den Joseph Kosinski, Realisateur vun deem Bommesequel versicht sech elo mat engem änlechen Exercice an tauscht d'Düsenjets mat Formel 1-Autoen. An de Brad Pitt ass am Cockpit. Säi Personnage soll mat engem jonke Coureur e Rennstall retten. Corporate Propagandafilm mat reelle Formel 1-Coureuren an Niewerollen, deen hoffentlech ganz ënnerhalsam gëtt. Mee en gros ass et eng deier Reklamm vun Apple an de Formel 1-Millionären.

E ganz anere Kino-Exercice ass Reflet dans un diamant noir vum Hélène Cattet an dem Bruno Forzani. An dësem vu Les Films Fauves matproduzéierte Film Film geet et ëm en ale Spioun op der Côte d'Azur, dee vu sengem Passé verfollegt gëtt. E Film voller 60s Faarwen, italieeneschem Giallo a ganz vill Fetisch. Et trëtt och eng ganz Rëtsch lëtzebuergesche Schauspilltalent op. 

Da ginn nach zwee méi oder manner jonk Fernseepersonnagen op ee lassgelooss dës Woch. Eemol gëtt et eng Suite zum trashy, campe M3gan, bei deem e Robotermeedchen op Amoklaf auswar. Hei gëtt d'Technik hannert dem M3gan geklaut an et bleiwt näischt iwwereg ewéi d'M3gan nees operstoen ze loosse fir dat neit Iwwel ze bekämpfen. Gutt domm bestëmmt, mee vläicht gudde Fun. An dann ass en Animatiounsheidi nei am Programm. Heidi – Die Legende vom Luchs, wou d'Heidi-Geschicht mat enger Déiere-Geschicht vermëscht gëtt.

Mee et gëtt nach en zweeten Animatiounsfilm. An zwar dee franséischen Amélie et la métaphysique des tubes, enger Amélie Nothomb-Literaturverfilmung, déi zu Cannes virun e puer Woche Première hat. Et gëtt d'Geschicht vun engem belsche Meedchen a Japan erzielt, déi op hirem Gebuertsdag eppes liewensverännerendes erlieft. 

A wien et net op Avignon op de Festival packt, ka mam Film Avignon, enger romantescher comédie awer fir annerhallef Stonn dohinner reesen. Et ass bal Vakanz, och am Kino duerf et summerlech ginn.