Dëser Deeg koum bekanntlech d'Nouvelle, dat den Denis Villeneuve – de Filmemaacher hannert de rezenten Dune-Filmer – beim nächste James Bond d'Regie iwwerhuele wäert. Nei Spiounen- an Actionaventure vum 007 sinn also um Horizont, mee nach gutt wäit fort vum Schoss. Wien net esou laang waarde kann, kann elo grad an de Kino fir eng Kopie vun enger Kopie vun engem Bond-Film ze gesinn. De Film heescht Reflet dans un diamant mort an den Tom Dockal presentéiert en als Film vun der Woch.

280625 Film vun der Woch REFLET DANS UN DIAMANT MORT 13h40

Et war emol e Spioun. War emol. Well haut sëtzt den John am héijen Alter op der Côte d'Azur bei Mier, kuckt jonke Fraen no a gëtt vum Rezeptionist harceléiert, hie sollt dach w.e.g. seng nei Woch am Hotel bezuelen. An da verschwënnt seng sexy Zëmmernopesch. Mee eppes stëmmt net mam John. Seng Gedanke loossen him keng Rou. Hie fillt sech vu senge fréieren Antagoniste verfollegt. Virop vun enger mysteriéiser Killerin, genannt Serpentik, déi et fréier op hien ofgesinn huet an iwwerall, wou si opgetaucht ass, eng Bluttspuer hannert sech gelooss huet. Den John krut si ni ze packen.

Hannert Reflet dans un diamant mort verstoppen sech zwee Filmemaacher, déi der lëtzebuergescher Filmblos net onbekannt sinn. D'Hélène Cattet an de Bruno Forzani hate scho virun enger Rëtsch Joer L'étrange couleur des larmes de ton corps vu Red Lion ko-produzéiere gelooss. Elo sinn et awer Les Films Fauves, déi mat u Bord gaange si vun dëser Kopie vun enger Kopie vun engem Spiounefilm à la James Bond. Kopie vun, well Reflet en Hommage ass un italieenesch fumetti neri, Schundcomics, an deenen de maskéierten Diabolik-Personnage entstanen ass. Dat ass och als Film eng pulpy Affär, visuell kaleidoskopesch an zimmlech psychedelesch plazeweis. Wien den Effekt vun LSD-Mikrodoséierunge well hunn, ouni LSD ze huelen, ass bei dësem Film nawell gutt opgehuewen.

RTL

© Kozak Films/True Colours

Et ass e formell richteg orgasmesche Film, dee just esou spruddelt vu retro Spillereien an Hommagen un italieenesche 60s a 70s Giallo-Kino, deen esou ganz eenzegaarteg ass an der Filmlandschaft. D'Filmemaacher Koppel Cattet/Forzani si sech däers bewosst a knéien sech vu Film zu Film ëmmer méi déif dran. A komme grad esou schwéier eraus, ewéi hire Personnage. Fir déi eng wäert dat iergendwann super ermiddend sinn an et kann een dem Film form over matter virgeheien, mee hey, ech si ganz éierlech, et deet esou gutt, emol en esou e visuell verréckte Film ze gesinn. Dat ee vun der Geschicht just e Brochdeel versteet, ass dobäi zweetrangeg. Gidd Ärem ästheetesch ausgedréchenten Häerz e Coup a gitt dëse blénkege Bijou an de Kino kucken.