
© A24
Och hei Mëttwoch geet eng nei Kinoswoch un. A wie mengt dat mam Juli d'Summerlach ugeet, deen iert. Vun Dinosaurier, Romcoms, Sozial- an engagéierte Kino an natierlech fir déi grouss a manner grouss Kanner – et ass fir jiddereen eppes dobäi. A fir de Präis vum Entréesbilljee ass d'Klima mat abegraff. Den Tom Dockal mam Iwwerbléck.
Et kéint ee mengen, dat se et no iwwer 30 Joer awer schonn endlech geléiert hätten, dat dat mam Fräizäitpark mat Dinosaurier vläicht keng esou eng gutt Iddi ass. Mee bon. No den Evenementer vum leschte Film ginn am Film Jurassic World: Rebirth Wëssenschaftler an d'Dino-Landschaft geschéckt, fir do d'DNA vun deene fettste Véi anzefänken. Mee dat geet natierlech schif an da gëllt et ze iwwerliewen. Ewéi ëmmer. Dës Kéier mat vir bäi: d'Scarlett Johansson, deem hire Kandheetsdram et gewiescht soll sinn, bei esou engem Film matzewierken.
Et vergi gefillt just e puer Wochen, bis dat een de Pedro Pascal an engem neie Projet gesäit. Geschwënn ass hien Deel vun de Fanstastic Four, ma fir d'éischt ass hien eng amouréis Optioun vum Dakota Johnson. Si ass en ambitiéisen a professionelle Matchmaker zu New York, dee vill Leit frou mécht, mee gesäit sech enges Daags selwer hin an hir gerappt tëscht hirem eegene perfekte Match an hirem net-perfekten Ex. Déi aner Optioun: de Chris Evans. E moderne Riff op déi klassesch Hollywood-Rom-Com, realiséiert vum Céline Song, der Realisatrice vum wonnerbare Past Lives.
De Martin Bourboulon ass den Ament genee esou wéineg ze stoppen. Bannent kierzter Zäit huet hien de Gustave Eiffel Bipoic realiséiert, genee ewéi zwee Les Trois Mousquetaires Filmer an d'Serie Carême op Apple+. Ma elo ass hie mam Film 13 jours, 13 nuits um Start. Mat ë.a. dem Roschdy Zem an enger Haaptroll erzielt de Film vun der Zäit tëscht dem Ofzuch vun den amerikaneschen Truppen aus dem Afghanistan an den Iwwernam vum Taliban. Do dertëscht ass säi Personnage verantwortlech fir d'Sécherheet op der franséischer Ambassade. Well sech e bëssi ewéi e franséische Kathryn Bigelow verstoen.
Vun däitscher Filmsäit kënnt de Film Pfau – Bin ich echt? An deem den Acteur Albrecht Schuch e Personnage spillt, dee sech fir Suen als een anere Mënsch gëtt. De Film stellt Froen zur Identitéits- a Sech-Selwer-Fannung a soll clever a witzeg sinn.
Mat engem Mädchen Mädchen Remake versicht déi däitsch Kinoslandschaft dann nach de pubertéierende Publique an de Kino ze kréien. Dës Kéier ouni Germain Wagner, awer hoffentlech mat engem Vëlossuedel, deen d'Personnage wëll mécht. An da gëtt et nach de franséischen Thriller Rapaces a fir déi kléng Kinosbegeeschtert den Animatiounsfilm Buffalo Kids.