
© Apple/Warner Bros. Pictures
Am Juli geet näischt iwwer e gudde Summerblockbuster-Film am Kino. Wann een dann nach weess - „Brad Pitt“ an „Realisateur vun „Top Gun Maverick“, dann dierft een usech a gudden Hänn sinn. Dat mengt op alle Fall den Tom Dockal, deen eis F1 The Movie elo als Film vun der Woch virstellt.
Frënn a Frëndinne vum Formel 1-Sport wësse scho méi laang, dat e Filmprojet an der Maach war. Ëmmer nees a laang ass de Brad Pitt an d'Ekipp vun deem Film op de Coursë gesi ginn. Mam Joseph Kosinski am Regiestull war de Gedanken „okay, Top Gun, mee mat Courseautoen, dat gëtt bestëmmt gutt“. Elo ass F1 The Movie do an de Brad Pitt klëmmt als Sonny Hayes an e Formel 1-Cockpit. Dëse Liewenskënschtler, deen ouni wierkleche Plang vun engem Course-Job zum nächsten a senger Roulotte fiert, gëtt enges Daags vun engem ale Bekannte gebieden, w.e.g. seng Formel 1- Ekipp retten ze kommen. De Sonny Hayes stëmmt mat Gegrommels zou, mee hien ass op mannst esou tockskäppeg, ewéi säi jonke Koequippier. Déi zwee verstinn sech natierlech net – new school an old school di sech schwéier –, de Sonny kämpft mat sengen eegenen Dämonen, natierlech, an da gëtt et, natierlech och, en amouréisen Interêt.
Ech soe ganz vill natierlech, well d'Dréibuch vun F1 The Movie natierlech an net ganz iwwerraschend hauchdënn ass. De Film ass virop eng Zesummenaarbecht vun Apple mat der Formel 1 a wien net geduecht huet, de Film wier net och virop e corporate Propaganda-Film mat ganz vill Reklamm op véier Rieder, deen ass eng Grimmel naiv. De product placement iwwert d'Längt vum Film ass zum Deel beandrockend. Trotz all sengen Defauten ass F1 eng sauënnerhalsam Affär. Et huet net ganz d'Eleganz an d'Grandiositéit vun Top Gun Maverick, mee dat ass an der Rei. Muss et och net. Villes vun deem, wat sech op de Coursepisten ofspillt, gesäit immens aus a gëtt engem d'Gefill vun der Vitesse vun deem Sport eriwwer. Zu engem Deel och d'Präzisioun, déi domadder anhir geet. Dat läit um Kosinski seng äiskaler, mee iergendwéi cooler Realisatioun, déi natierlech virop op engem techneschen Niveau sech ofspillt. D'Béierdeckel-Dréibuch ass natierlech vill ze kuerz komm.

© Apple/Warner Bros. Pictures
D'Starpower vum Brad Pitt ass awer echt – hie spillt gläichzäiteg de sérieuxen, witzegen a vum Liewe matgehollene Personnage. Soss ass et ëmmer just ee Pitt dovunner, déi een an engem Film presentéiert kritt. An d'Kerri Condon als technesch Responsabel vun der Ekipp a potenziell amouréisen Interêt vum Brad mécht méi aus hirer Roll, ewéi de Film a säin Dréibuch et verdéngt hätten. F1 The Movie gehéiert dofir awer nees an d'Kategorie Top Gun Maverick, well et e Summerblockbuster ass, ewéi se haut kaum nach gemaach ginn. An dofir deet et gutt, esou en domme Coursefilm nieft all deenen domme Superheldefilmer ze gesinn.