
© DC Studios
Vum superste vun alle Superhelden, direkt emol zwee Pianoen a Léift an Norwegen – déi nei Kinoswoch steet virun der Dier an den Tom Dockal huet den Iwwerbléck. Hei elo e kuerzen Iwwerbléck.
Dat mat de Superhelde-Filmer well esoubal nach net ophalen. Scho guer net fir de Summerprogramm. Lauert vu Säite vum MCU en neie Fantastic Four-Film op ass DC elo mat engem Renouveau vu sengem Superheldenunivers an der Startlächer. An de Start mécht de superste vun alle Superhelden, de Superman. An engem Film vum James Gunn, dem Filmemaacher hannert de Guardians of the Galaxy-Filmer an de kënschtleresche Kapp vum neien DC-Univers. Et muss een ni e Comic gelies oder e Film mam Superman-Film mam Christopher Reeve gesinn hu fir d'Notiounen ze hu vu Krypton, dem Clark Kent a Metropolis. Mol kucken, ob de Neistart gléckt oder ob een einfach just midd ass vun de ganze Spandex-Kostümer no där Abberzuel u Filmer.
De franséische Kino huet direkt zwee Filmer um Start dës Woch an deenen de Piano eng méi oder manner grouss Roll spillt. Am neie Quentin Dupieux Film L'accident de piano zitt sech déi vum Adèle Exarchopoulos gespillten Influencerin no engem Accident – eventuell war do de Piano aus dem Titel am Spill – mat sengem Assistent zeréck an d'Bierger fir zu Rou ze kommen. Mee enges gudden Daags steet eng Journalistin virun der Dier an erpresst si. Et géif mech wonneren, wann de Dupieux sech just mat engem einfache Kommentar op d'Internet Influencer-Kultur géif zefridde stellen. Soss am Casting: Jérôme Commandeur, Sandrine Kiberlain a Karim Leklou.
De Robert Guédiguian ass och nees do an zwar mam Film La pie voleuse an deem seng ganz Filmfamill natierlech nees opdaucht, virop seng Liewenspartnerin Ariane Ascaride och, déi hei eng liewensfrou Fra incarnéiert, déi eelere Mënschen hëlleft, mee well si net esou flësseg ass, hei an do bei hinnen a puer Euro matgoe léisst. Gedeckt gëtt dat mat enger falscher Locatioun vun engem Piano, déi Suen abréngt. Mee dat geet natierlech iergendwann schif. Eng nei moralesch Fabel vum Filmemaacher, dee gären am franséische Süde säi Kino mécht.
Am norwegesche Film Love, den éischten Deel vun enger fräier Trilogie vu Filmer ronderëm tëschemënschlech Attraktioune léieren zwee Spidolsugestallten, eng Fra an hire 40er an en homosexuelle Mann, ee vun deem anere Saachen, déi se iwwerraschend op hiert eegent Liebes- a Sexliewen iwwerhuelen. Ass nawell geschwätzeg mee duerchaus interessant.
An da gëtt et nach Filmer aus Indien an dem Pakistan an zwee Filmer fir de jonke a ganz jonke Publique.