
© Motlys/M-Appeal
E gudde Libesfilm ass ëmmer wëllkomm am Kino. Rom-Coms si meeschtens eng amerikanesch Affär, mee heiansdo versicht sech en europäesche Filmemaacher oder Filmemaacherin an deem Genre. En norwegesche Cineast huet direkt eng Trilogie vun esou Filmer realiséiert. Natierlech heescht de Film Love an den Tom Dockal stellt en als Film vun der Woch vir.
Op enger Fär, déi si op Oslo bréngt, begéinen sech enges Owes d'Aarbechtskolleege Marianne, eng Doktesch an den Tor, en Infirmier. Si potere entspaant mateneen, ma hien erzielt hir vu senger Virléift fir Begéinunge mat Männer, déi net iwwert d'Nuecht erausginn. D'Marianne lauschtert mat Interessi no, ass si en plus um Wee fir Heem vun engem verstoppte blind date, op dat si eng Frëndin geschéckt huet. D'Doktesch mécht sech op alle Fall Gedanken iwwert dem Tor seng Vue op hook ups a one-night-stands. Mee deen trëfft selwer méi spéit deen Owend op de Bjorn. E Mann, deen him resistéiert an duerch d'Fanger flutscht ouni dat eppes geschitt. Den Tor verfält him... dréien sech fir d'Marianne an den Tor elo ieren d'Kaarten?
Aus Norwege kënnt dëse Summer also de Stoff, aus deem d'Libesfilmer sinn. Op mannst zwee Drëttel vun enger Trilogie. Den drëtte Volet ass fir méi spéit am Joer virgesinn. Woubäi gesot muss ginn: all Film aus dem Dag Johann Haugerud senger Oslo-Trilogie steet fir sech an et ass egal, a wat fir enger Suite een d'Filmer gesäit. Wat Love, Sex an Dreams matenaner verbënnt sinn d'Deklinatioune ronderëm de Sujet vu Léift an Attraktioun ewéi och den urbane Kader, deen Oslo, déi norwegesch Haaptstad ass. Den Terrain vun dëse Libesfilmer, voir, soe mer, erwuesse Libesfilmer, ass an der Literatur an der Kinosgeschicht natierlech och vu grousse Cineastin traitéiert ginn. An de Joachim Trier selwer huet schonn eng ganz vague zesummehalend Oslo-Trilogie vu Filmer gemaach, mee dem Haugerud säi Love ass net vun der Hand ze weisen.

© Motlys/M-Appeal
De Film bréngt a sengem Schreiwen e Selbstbewosstsi mat sech, deen een dovunner ofhält ze denken, dat dat Ganzt schonn immens geschwätzeg ass. Mee seng Figuren am Mëttelpunkt an d'Schauspiller a Schauspillerinne loossen sech op eng ganz skandinavesch Manéier voll a ganz dem Stoff hin. D'Gedanken zu net-normativen Zesummeliewe vu Mënsch an iwwerhaapt zu Liewen an Dout hunn hir Legitimitéit, Charme an eng gewësse Melancholie an et huet ee scho Loscht, dat nächst Kapitel – de Film Sex – séier opzeschloen a weiderzeliesen a kucken.