
© A24
D'Summervakanz maach do sinn, mee dat heescht net, dat d'Kinoen an d'Paus ginn. A wien sech net direkt oder iwwerhaapt net duerch d'Bascht mécht, ka fir e puer Stonnen am Kinossall reesen. Den Tom Dockal weess wat vun haut un nei am Kino leeft a stellt eis dat elo kuerz vir.
De Pedro Pascal-Summer geet an déi nächst zweet Ronn. No Materialists virun e puer Wochen ass et haut un Eddington vum Ari Aster, dem Filmemaacher hanner Midsommar an Hereditary. De Pedro an de Joaquin Phoenix stinn sech an der Klengstad Eddington am New Mexiko wärend der Pandemie géigeniwwer. Deen een ass de Buergermeeschter, deen aneren de Sheriff. An et geet ëm Masken an de George Floyd an iwwerhaapt en gros alles, wat d'Amerikaner, mee iergendwéi eis all déi lescht Joer beschäftegt an auserneegerappt huet. Zu Cannes sinn d'Retoure vun a bis gaangen, ewéi bei allen Ari Aster-Filmer. Mee d'Provokatioun a pechschwaarze Witz ass um Rendez-Vous. Mee well een un d'Corona-Zäiten erënnert ginn? Dat ass eng aner Fro.
Fir déi Cinephil sief op dëser Plaz och eng wonnerschéi restauréiert Versioun vum Chaplin senger Gold Rush un d'Häerz geluecht. Zum 100. Anniversaire vum Klassiker. A schleeft Är Kanner mat. Gold Rush ass wierklech immens.
De Filmemaacher vun I Am Not Your Negro, de Raoul Peck huet en neien Documentaire realiséiert. Ernest Cole: Lost and Found ass en Doc iwwert de afro-amerikanesche Fotograf Ernest Cole, deem säi Wierk als verscholle gegollt huet. Bis dann Dausenden an Dausende vu Filmnegativen a Schweden opgedaucht sinn. De Film ass e Portrait vun deem Mann a sengem Schafen.
E méigleche klénge Bijou kéint d'Dokufiktioun Koutée vwa sinn, déi zu Locarno lescht Joer ënner anerem mam Jurypräis ausgezeechent gouf. E 13-järegen, deen e bëssi schwiereg ass, gëtt vu senger Groussmamm am Summer an d'Guyane geholl, wou hie mat der tragescher Familljegeschicht konfrontéiert gëtt.
Mee dat ass natierlech net alles. Mat Smurfs kommen d'Schlumpfen nees an de Kino. Dës Kéier net mam Katy Perry, net mam Demi Lovato, mee mam Rihanna als Schlumpfine. De Michaël Youn an de Kev Adam si mat der entre guillemets Komedie Certain l'aiment chauve um Start. An de 90s-Slasher Film I Know What You Did Last Summer kritt e Reboot/Remake. Mee dat ass nach ëmmer net alles. Ofschléissend gëtt et net een, net zwee, mee direkt dräi indesch Bollywood Filmer. Domadder sollt eigentlech jiddereen ofgedeckt sinn am Kino dës Woch. Wat mengt dir?