D'Marvel Cinematic Universe gëtt nächst Joer volljäreg. De moderne Superheldefilm ass domadder schwéier pubertär a stécht an enger Identitéitskris. Säit Avengers: Endgame wëll et net méi esou rullen. Bei der Konkurrenz vun DC och net. Déi Responsabel do hunn dofir decidéiert, alles op Null ze setzen a vu vir unzefänken. An dësen Ufank mécht elo en neie Superman-Film. Den Tom Dockal huet e gesinn a stellt en als Film vun der Woch vir.

190725 Film vun der Woch SUPERMAN 13h40

Ass et e Vull? Ass et e Fliger? Nee, et ass de Superman. De Mann aus Stol. D'Weesekand an de leschten Iwwerliewende vum Planéit Krypton. Et muss een absolut kee vun de gefillt Dosenden an Dosende Superheldefilmer gesinn oder ee Comic gelies hunn, fir e puer Notioune vum Superman, dem allgemeng akzeptéierte Papp vum Genre, ze hunn. Dat weess de James Gunn – Realisateur vun de Guardians of the Galaxy-Filmer bei Marvel an ee vun den zwee Decideure bei DC elo – och a brécht direkt mat engem Bild, wat ee vum Clark Kent alias Superman huet. De Film geet nämlech op mat engem Superman, deen um Enn ass, deen esouguer aus dem Mondwénkel blutt. Hie maach aus Stol sinn, mee en ass net onstierflech. Mee hie gëtt natierlech vu senger Roboter-Assistenten a dem Mupp Krypto gerett. Mam Lois Lane ass de Clark och schonn zesummen, Déi üblech Mechanisme vun enger origine story ginn iwwersprongen. De Superman ass feste Bestanddeel am ëffentleche Liewe vu Metropolis. Wat de Geschäftsmann an Antagonist Lex Luthor awer net dovunner ofhält, diabolesch Pläng auszehecken, fir de Superheld Schachmatt ze setzen.

Superhelde-Middegkeet ass e Fakt. Säit 2008 vergeet kee Joer, ouni dat Geschichte vun a Spandex-kostüméierte Iwwermënschen de Kinosecran iwwerhuelen. DC huet sech laang Zäit mat senge Filmer am Schiet vu Marvel erëmfonnt. De James Gunn soll dat elo änneren. Säi Superman ass faarweg, hell, lëschteg – alles wat ee vun engem James Gunn erwaart. De Clark Kent ass net ee vu Scholdgefiller zerfriessene Personnage ewéi beim Zack Snyder, mee een naiven, deen sech wonnert, firwat seng kloer Equatioun vu Gutt a Béis hannerfrot gëtt. Hey, beim Gunn duerf de Superheld neess seng klassesch rout Pampersbox un hunn. Et ass e Sech-Zeréckversetzen an eng Zäit, an deem Superhelden a Comics net déi psychologesch Vehikel waren, ewéi se dat säit Watchmen konnte sinn. Mee am James Gunn seng Broscht schloen zwou Séilen. Well de Film ass voll mat méi oder nach méi kloren Allusiounen op d'Welt vun haut. De Saz „De Superman huet pro-palästinensesch Vue'en“ war bis ewel net op menger Kinos-Bingo-Kaart zum Beispill.

RTL

© DC

Dem James Gunn säi Film ass e chaotesch Sammelsurium un Iddien, wou bei Wäitem net alles opgeet. Den David Corenswet als Clark Kent ass eng okay Variatioun op de Christopher Reeve, deen och no deem dote Film awer den essenzielle Superman bleiwt. Fir mäi Goût erkennen ech mat deem heite Film, wat dem Snyder seng gutt Säite bei senge Filmer waren a wéi déi hei elo feelen. Superman made by James Gunn bleift awer e ganz agreabelen Ament. Mee wiem et net gefale sollt. Nächst Woch lauert Marvel mat engem weider Versuch op, e gudde Fantastic Four Film ze bréngen. D'Vergaangenheet huet op alle Fall bewisen, dat dat nach ni geklappt huet. Mee dës Kéier ass de Pedro Pascal mat vun der Partie.