Grouss Vakanz hin oder hir, Mëttwoch ass den Ufank vun enger neier Kinoswoch. An et ass haut geet eng gutt gefëllten nei Kinoswoch un. Dat mengt den Tom Dockal, deen se eis elo direkt kuerz virstellt.

230725 Nei am Kino 16h10

Mir hate Barbenheimer-Summer, mir hate brat summer, ma dëst Joer ass et um Pedro Pascal-Summer. Den drëtten a leschte Volet vum Pedro-Kinossummer – no Materialists an Eddington – heescht Fantastic Four: First Steps an ass an engem gewëssenen Marvel Cinematic Universe. D'Fantastic Four-Ekipp huet schon e puer Mol um Kinosecran Plaz fonnt an et war ëmmer neess eng gréisser Katastroph. Elo versichen d'MCU-Leit et besser hinzekréien. Planzen de Film an retrofuturistesch 1960 a joen d'Silver Surfer an de Galactus. Iwwerdeems mussen déi fantastesch Véier mat neien Dynamiken an hirem Patchwork-Familjeliewen eens ginn. Niewt dem Pascal sinn och nach d'Vanessa Kirby, den Joseph Quinn an den Ebon Moss-Bachrach aus The Bear fantastesch.

Dann ass nach e kléngen dreckegen Film nei am Programm mam Numm Dangerous Animals. An deem kidnapped e psychopatheschen Hai-Jéeër Surfer, just fir se op oppenem Mier de grousse Fësch mat den Zänn ze zerwéieren. An dësem huit clos, deen ee séikrank mécht, gëllt et fir déi jonk, z'iwwerliewen. Kéint ganz spaaseg sinn.

Am Film Hot Milk geet et ëm eng Mamm-Duechter-Kombi, déi sech un der spuenescher Küst bei engem Dokter erëmfënnt, deen eventuell eng Heelung fir déi mysteriéis Krankheet vun der Mamm huet, deen d'Fra un de Rollstull bënnt. D'Duechter, déi hirt Liewe laang vun dësem Ëmstand ageschränkt ass, gesäit eng Méiglechkeet, opzegoen, ewéi hir de vum Vicky Krieps gespillte Personnage iwwert de Wee leeft.

Vun der spuenescher Küst geet et am Film 10 giorni con i suoi an Apulien. Et ass en drëtte Film vun enger Serie vun italieenesche Komedien. 

Am amerikanesche Film Sorry, Baby versicht déi mental ugeschloe Haaptfigur, e Wee an d'Liewen erëmzefannen. Et ass hir, eegenen Aussoen no, eppes schlëmmes geschitt. Mee d'Liewe geet weider. Iergendwéi.

D'Kinepolis-Programmateuren hunn zwee Akira Kurosawa-Klassiker a restauréierte Versiounen fir séance spécialen am Utopia virgesinn. Eemol Yojimbo an eemol Ikiru. Net verpassen. Den haut politesch net onkontroverséierten Ex-Pink Floyd-Museker Roger Waters invitéiert op e Concertsfilm vu senger leschter Tournée an dann ass nach de chineesesche Film The Lychee Road ze gesinn, an deem den Haaptpersonnage an der Tang-Dynastie, also ronn am 8. Jorhonnert, Lychee'en vun A op B brénge muss. 5000 Kilometer wäit. An dobäi ginn déi net konservéiert Friichten bannent e puer Deeg futti, wa bis gepléckt. Onméiglech eigentlech, mee hie muss. Top Chrono.