Hei ass d’Geschicht vun enger vun den ikoneschste Superhelden-Equipe vun der Welt – de „Fantastic Four“. An elo, mat „The Fantastic Four: First Steps“, léiere mir si haut an engem 60er Jore retro-futuristeschem Kader vun Ufank u kennen. D’Céline Spithoven mat den Detailer.

01/08/2025 Feature Fantastic Four: First Steps 15h40

Déi véier Haaptpersonnagen, Reed Richards, Sue Storm, Johnny Storm a Ben Grimm, si normal Mënschen, déi duerch e Wëssenschafts-Experiment aussergewéinlech Kräfte kréien. De Reed ka sech strecken an deene wéi Gummi, d’Sue gëtt onsichtbar, den Johnny ka Feier kontrolléieren a fléien an de Ben verwandelt sech an eng Steen-änlech, onheemlech staark Kreatur.  De Film weist eis, wéi dës véier Persounen hiert Schicksal als Superhelden entdecken an zesummen hir éischt grouss Erausfuerderung bewältegen.  An zwar musse si sech géint déi kosmesch Bedroung Galactus a Silver Surfer beweisen.

Et ass also e Prequel vun de scho bekannte Fantastic Four-Filmer an dat Besonnescht ass: et ass net noutwendeg, déi aner Marvel-Geschichten ze kennen, fir dëse Film ze verstoen. Wat bei Marvel net ëmmer de Fall ass. De Film ass esou opgebaut, dass och nei Zuschauer einfach matkommen. D’Basis vum Team a seng Hannergrondgeschicht gi kloer a verständlech erzielt. Natierlech ginn et kleng Uspillung un déi méi grouss Marvel-Welt, mee se sinn net essentiel.

RTL

© Pedro Pascal and Vanessa Kirby star in 'The Fantastic Four: First Steps' © AFP/File/Rhianna Chadwick

D’„Fantastic Four“ sinn eng vun den éischten an ikoneschste Superhelden-Equipem am Comic-Universum, erschaf vum Stan Lee an Jack Kirby an den 1960er Jore. Hiert Thema vu Famill, Frëndschaft a Courage ass haut nach ëmmer aktuell, an dëse Film bréngt dëst op eng modern a spannend Aart a Weis op déi grouss Leinwand. „The Fantastic Four: First Steps“ ass also de perfekte Start fir jiddereen, dee Superhelden-Geschichte gären huet – egal ob Marvel-Neuling oder alen MCU-Veteran.
Wann Dir also no engem Film sicht, deen Iech an eng dynamesch Superhelden-Welt mathëlt, déi nach ëmmer vill Häerz a Mënschlechkeet huet, da sollt Dir dëse Film net verpassen.