
© Screenshot Trailer/ Youtube
Dës Woch am Kino gëtt et rëm vill ze gesinn. A vun haut un sinn och dräi Neivirstellungen dobäi, mat enger Suite vun engem Comedy-Klassiker vun 1988, enger animéierter Gaunerband an enger ganz spezieller Doku fir all BTS-Fans. D'Highlights huet d'Céline Spithoven fir eis.
De legendäre Frank Drebin ass zeréck – oder besser gesot: säi Jong! De Liam Neeson iwwerhëlt d’Roll vum chaotesche Polizist an dësem neien Deel vun der Kult-Rei “Die nackte Kanone” aus den 80er. Déi nei Versioun ass eng modern Komedie, voll mat Slapstick, iwwerdriwwene Situatiounen an engem Touch Selbstironie.
D’Regie hunn den Akiva Schaffer an de Seth MacFarlane iwwerholl. Mat Popstar: Never Stop Never Stopping vum Schaffer an Ted a Family Guy vum MacFarlane, hunn allebéid bewisen, dass si schwaarzen Humor a Selbst-Ironie beherrschen. D’Original-Rei mam Leslie Nielsen gëtt domat nees frësch opgelieft mat Humor, deen och 2025 nach funktionéiert. A schonn eleng den Trailer weist, dass ee sech op klassesch Frank Debrin-Situatioune freeë kann. De Liam Neeson, dee mat 96 Hours a Schindlers Liste dacks seriéis Rolle spillt, hëlt sech hei mol selwer op d’Schëpp.
Mir bleiwe bei humorvolle Police- a Gangster-Geschichten. No hirer éischter grousser Aventure kommen de Mr. Wolf, Mr. Snake & Co. vun der Gangster Gang zeréck op d’Leinwand a wëllen eigentlech elo gutt sinn. Mee eng nei Bedreeung – d’Bad Girls-Gang – stellt alles op d’Kopp, an déi al Bande muss nees zesummespillen.
De Film ass voll mat witzegen Actionzeenen, charismateschen Déieren a cleverem Storytelling, ideal fir Kanner a grouss Fans. Mat engem wichtege Message, an zwar wéi schwiereg et ass nom Prisong an der Gesellschaft rëm Fouss ze faassen an ze beweisen, dass ee sech geännert huet... deen ee méi wéi den aneren.
Regie féieren de Pierre Perifel an de Juan Pablo Sans mat der Produktiounsfirma Dreamworks Animation. Die Gangster Gang 2 - Eng Fortsetzung op Basis vum Bestseller vum Aaron Blabey.
An no esou vill Action a vill Witz, gëtt et am Kino vun haut un och eng Dokumentatioun fir all K-Pop-Fans. Den neien Dokumentarfilm „BTS ARMY: Forever We Are Young“ erzielt net d’Liewe vun der koreanescher Band BTS, mee fokusséiert sech op d’Fans, déi sougenannten „ARMY“. Jonk Leit op der ganzer Welt, vu Seoul bis Mexiko, weisen, wéi Musek si zesummebruecht huet. Et geet ëm Identitéit, Gemeinschaft an Akzeptanz fir sech selwer, duerch Musek, Danz an Aktivismus.
De Film gouf um South by Southwest Festival 2025 presentéiert a vum Grace Lee a Patty Ahn realiséiert, ganz ouni Promo vu BTS selwer. Eng emotional, éierlech Doku iwwer eng global Beweegung.