Richteg gutt Schauspiller si scho mol derbäi, Benedict Cumberbatch a Olivia Colman. 2 brittesch Acteuren, déi a vill verschiddene Rollen iwwerzeegen kënnen. Sief et vu Thriller, Krimi bis bei Drama, ma déi 2 sinn och en Ass wat Komedie ugeet. Beispill den neie Film ''The Roses'', eise Film vun der Woch um Radio, deen elo dës Woch zu Lëtzebuerg an eise Kinoen ugelaf ass, Marie Gales 

27/08/2025 Film vun der Woch: The Roses

Net schéin, wann aus Léift Haass gëtt. Am Fong Alldag, huet ee sech nach aller Schéines versprach a geschwuer, steet ee Joren duerno virun de Schierbele vu sengem Bestietnis. Dat ass d'Geschicht vum Film ''The Roses''. Natierlech wichteg ass, wéi dës Geschicht erzielt gëtt. An dat geléngt hei ganz gutt.
De Film ass iwwregens e Remake vun 1989. De Danny DeVito hat deemools mat vill Succès de Roman ''The war of roses'' vum Warren Adler verfilmt, mam Michael Douglas a Kathleen Turner deemools an den Haaptrollen.
Dës Kéier iwwerhëlt de Jay Roach d'Regie a besetzt d'Haaptrolle mam Olivia Colman a Benedict Cumberbatch, bei deenen et och richteg Spaass mécht, nozekucke wéi si 2 sech bekrichen.

RTL

© Photo by Jaap Buitendijk, Courtesy of Searchlight Pictures 2025 Searchlight Pictures All Rights Reserved

Hei hu mir d'Ivy an de Theo Rose, déi e Liewe wéi aus dem Billerbuch féieren. Si hunn allen 2 e super Job, e super Haus an och 2 super Kanner. Wéi de Theo säin Job verléiert an d'Ivy esou grad richteg am Beruff duerchstart, fänkt d'Harmonie un ze kippen. Ufanks gëtt nach probéiert ze rette wat ze retten ass, mä läit d'Kand bis am Pëtz, gëtt et keen zréck méi. Wat ëmmer nees ënnert den Teppech gekiert gouf a gëtt, brécht op eemol ervir, op deenen 2 Säiten. Well dat ass et da wat een huet, déi 2 Säiten wann ee sech net méi eens gëtt, firwat och ëmmer. An dat weist dëse Film ganz gutt.

Esou geet e gutt ënnerhalende Film, 2 brillant Acteuren, déi och bei schwaarzem Humor glänze kënnen. E Film, dee Spaass mécht, well et dach wierklech besser ass engem Rousekrich nozekucken, wéi e selwer ze erliewen.