4 nei Filmer an de Kinoen zu Lëtzebuerg. A bei e puer wier et gutt d'Nuesschnappech net ze vergiessen. D'Marie Gales mat der Iwwersiicht.

03/09/2025 Nei am Kino

Ugefaange mat ''Alpha'', engem franséische Filmdrama vum Julia Ducournau, deen an den 1980er Joren an der Normandie spillt.

Am Mëttelpunkt steet eng Doktesch, déi um Stack vun engem Spidol schafft, wou Mënschen ënnerbruecht sinn, déi krank goufen duerch e Virus an déi e Brudder huet, deen Aids huet. Hirer Duechter Alpha gëtt an der Schoul d'Liewe schwéier gemaach, well Rumeure zirkuléieren si hätt eng nei Krankheet. Am Mee gouf Alpha um Filmfestival zu Cannes gewisen. 

De Film ''Eden'' baséiert op der Galapagos-Affaire, déi sech 1934 op der Insel Floreana soll zougedroen hunn. Op der Sich nom Paradäis koumen deemools virun allem däitsch Auswanderer do un an 3 Mënschen koumen ëm d'Liewen an 3 goufen net méi erëmfonnt. Den amerikanesche Regisseur Ron Howard huet sech dëser Geschicht ugeholl an d'Rolle mam Jude Law, Vanessa Kirby, Daniel Brühl an Ana de Armas besat.

 Endlech Rou, an der Schwämm. D'Tilda huet en immens stressegt Liewen, well et muss sech ëm seng kleng Schwëster a seng Mamm, déi Alkoholikerin ass, këmmeren, nieft der Schoul an dem Niewenjob. ''22 Bahnen'' geet ënnert d'Haut

Den däitsche Film baséiert um Roman vum Caroline Wahl, dee vill Präisser krut. Och d'Actrice Luna Wedler kritt beschte Kriticke fir seng Roll als Tilda.

A Fans vum japaneschen Animatiounsfilm ''Princess Mononoke'' dierfe sech och freeën. 1997 koum dësen immens erfollegräichen Anime eraus, dee sech ënner anerem mat der Fro beschäftegt, ob Mënsch an Natur iwwerhaapt zesummen existéiere kënnen. 28 Joer méi spéit kënnt de Film digital restauréiert nach emol an de Kino.

A fir Fans vum Horror, dëse Weekend ass ''The Conjuring'' Marathon am Kinepolis Kierchbierg a Belval. De Samschde 6. September ëm 2 Auer mëttes leeft den éischten Deel vun dëser Film-Serie. Bis Mëtternuecht ginn dann ''The Conjuring 2'', ''The Conjuring: The Devil Made Me Do It'' an de 4. Film ''The Conjuring: Last Rites'' gewisen. De lescht genannten ass en plus fuschnei a leeft da fir d'éischt am Kino.