De Film vun der Woch ass net nei, ma e kënnt zréck op de groussen Ecran, mat engem bessere Bild. E gouf digital restauréiert a gëtt elo am IMAX-Kino am Kinepolis Kierchbierg gewisen. Mir schwätze vum Anime Film: Princess Mononoke, dee virun 28 Joer e reegelrechten Hype op japanesch Animatiounsfilmer ausgeléist huet. D'Marie Gales mat den Detailer.

06/09/2025 Film vun der Woch: Princess Mononoke

D'Geschicht spillt a Japan, tëscht dem 14. a 16. Jorhonnert a mir kréien et mam jonke Prënz Ashitaka, der Lady Eboshi an dem San, dat och Prinzessin Mononoke genannt gëtt, ze dinn. De Bësch, dee soss vu risegen Déiere beschützt gouf, gëtt ëmmer méi vun de Mënsche futti gemaach. Dat ass d'Haaptgeschicht vun dësem Anime; d'San probéiert op där enger Säit mat den Déieren d'Natur ze retten an dofir d'Mënschen aus dem Wee ze raumen, op der anerer Säit ass d'Lady Eboshi, déi d'Natur net respektéiert, well si Plaz brauch fir hir Schmelz, déi de Mënschen Aarbecht gëtt an ze iessen. Dertëscht steet den Ashitaka, dee probéiert ze vermëttelen tëscht deenen 2. 

D'Spannungen tëscht Natur an dem industrielle Fortschrëtt ginn an dëser philosophescher an epescher Geschicht gutt erzielt, esou gutt, datt dësen Anime de Regisseur Hayao Miyazaki, deen ee vun de Grënner vum 

Zeechentrickfilmstudio Ghibli ass, weltbekannt gemaach huet. Duerch d'Verbanne vun traditioneller Animatioun, mythologeschen Erzielungen an Erausfuerderungen vun haut, konnt hien net just a Japan de Public immens vill begeeschteren.

RTL

© studio ghibli

Respektéiert de Mënsch d'Natur net oder en dreift Raubbau mat hier, dann ass et virun allem de Mënsch, dee mat de fatale Folge muss liewen. De Film ass nawell düster; kann en och sinn, huet sech déi reell ekologesch Situatioun just nach verschlechtert, knapp 30 Joer nodeem s de Film eng éischte Kéier an eise Kinoe war.  De Film huet vill Opmierksamkeet kritt, net just well de Studio Ghibli eben déi esou wichteg Thematik an d'Zeen setzt, mä impressionant sinn och déi wonnerbar Landschaften an dësem Anime an net ze vergiessen d'Musek vum japanesche Komponist Joe Hisaishi.

Mononoke ass keen Numm, mä ass e japanesche Begrëff fir béis Geeschter a Gespenster, déi och Revanche aus sinn. De Film leeft am IMAX-Kino am Kinepolis Kierchbierg a japanescher Sprooch mat engleschen Ënnertitelen.