
© pixabay.com
Al Bekannte waarden dës Woch am Kino. Do kritt een ze fäerten, ze dreemen an ze laachen. A fir d'Häerz ass och eppes derbäi. Den Iwwerbléck huet d'Marie Gales.
D'Schicksal vun der brittescher Adelsfamill an hirem Personal Ufanks vum 20. Jorhonnert geet an eng nächste Ronn. No der erfollegräicher Serie op der Tëlee leeft elo den 3. Film entretemps am Kino:'' Downton Abbey: The Grand Finale''
De Familljesëtz Downton Abbey soll prett fir d'Zukunft gemaach ginn; mä geet dat mat enger Damm, déi gescheet ass? Skandal, 1930! Bekannte Gesiichter aus Downton Abbey dierfen och dës Kéier net feelen, vermësse wäerte mir sécherlech am Film d'Maggie Smith, déi beléiften englesch Actrice ass dat lescht Joer gestuerwen. Mat deem heite Film soll da mat ''Downton Abbey'' och Schluss sinn.
Dat kéint een och bei der amerikanescher Produktioun ''The Conjuring: Last rites'' unhuelen.
Nees am Déngscht fir Dämonen ass soss Béises lass ze ginn, sinn den Ed an d'Lorraine Warren an och hier Duechter Judy, déi elo an den Asaz komme musse fir enger Famill ze hëllefen, ma sech awer och zum Schluss selwer dem Dämon ze stellen.
''Sirat'' ass e franséisch-spuenesche Roadmovie, deen dëst Joer de Präis vun der Jury zu Cannes krut.
E Papp sicht seng Duechter an ass dofir ënnerwee a Marokko a Mauretanien. Do trëfft hien op Raver, déi ënnerwee sinn op eng illegal Rave. An der Hoffnung seng Duechter do ze fannen, schléisst hie sech hinnen un.
Och fir Kanner ass dës Woch eppes Neies am Kino ze fannen, mat ''Le Monde de Wishy''. Dëse finneschen Animatiounsfilm leeft op franséischer Sprooch an de Wishy ass eng rosa Bull aus engem aneren Universum, deen op de Thomas trëfft, deen net ka goen an eiser Welt.
A fir den 30. Gebuertsdag vun ''Toy Story 1'' kann een deen Animatiounsfilm vun e Samschden un och nees um groussen Ecran gesinn. A franséischer Sprooch an am 4DX.