
© British actor Phyllis Logan and Jim Carter pose on the red carpet for the world premiere of the film "Downton Abbey: The Grand Finale" in London, as the hugely popular saga draws to an end © AFP/JUSTIN TALLIS
Wie Fan ass vun Donwton Abbey, geet natierlech och dësen 3. Film kucken, nodeem s en déi 6 Staffele vun der Serie gesinn huet an déi 2 viregt Filmer. Et weess een natierlech wat een erwaart an ''Downton Abbey - The Grand Finale'', an eisem Film vun der Woch um Radio, Marie Gales.
Datt eng Story elo aus dem Hutt gezaubert gëtt, déi engem den Otem hëlt, dorobber soll een net wetten. Dat geschitt net, an dat wëssen och déi meescht déi Downton Abbey kucke ginn. Inspiréiert gouf sech an der Serie an de Filmer u geschichtleche Faiten, déi den Ufank vum 20. Jorhonnert markéiert hunn, agewéckelt a kleng perséinlech Geschichten. Et sollt een awer drop agestallt sinn, datt et déi leschte Kéier ass, datt elo e Film oder eng Staffel fir Downton Abbey erauskënnt. Net fir näischt heescht de Film jo och: ''Downton Abbey -The Grand Finale''
Fans vun Downton Abbey kréie gäre knuspereg Storie vun der Aristokratefamill Crawley an hirem Personal erzielt, an engem wonnerschéinen Entourage um Familljesëtz Downton Abbey. Am 3. Film si mir an den 1930er Joren ukomm an et ass d'Lady Mary, déi elo den Toun ugëtt, nodeem s d'Lady Violet gestuerwen ass. Ma ojee; d'Lady Mary ass gescheet, 1930 en Drama an esou piekfeiner Gesellschaft.

© AFP
An dësem 3. Film ass de gesellschaftlechen Ëmschwong ass och en Thema, net just fir den Adel soll alles reservéiert sinn, mee all Mënsch soll seng Chance kréie fir e privilegéiert Liewen ze féieren. Da gëtt och vill Äddi gesot, net just vu Mënschen, déi e Pilier all déi Jore waren, ma och vun enger Zäit, wou een duecht, datt se ni op en Enn geet. Mä esou ass dat mam Liewen, Verännerungen sinn net opzehalen!

© AFP
De Film ass dann och der beléifter englescher Actrice Maggie Smith dediéiert, déi d'Lady Violet gespillt huet. Si ass dat lescht Joer gestuerwen.