
© pixabay.com
Et mierkt een, datt Rentrée ass; och am Kino. 8 nei Filmer lafen uechtert d'Land un. Den Iwwerbléck huet d'Marie Gales.
Loscht op eng Screwball Comedy?
Esou nennt ee Filmer, déi sech duerch exzentresch Personnagen, skurril Handlungen a séier Dialogen ervir dinn. ''Splitsville'' ënnert anerem mam Dakota Johnson kann ee gären an där Kategorie ënnerbréngen. Am Fokus stinn 2 Koppelen, déi sech an d'Hoer kréien, well en oppene Mariage awer vläicht net esou oppen ass, op alle Fall net fir jidderee an deene Bestietnisser.
''Regarde'' ass eng franséisch-belsch Produktioun mam Dany Boone, deen e Papp spillt, dee sech mat senger Ex-Fra nees muss verdroen, aus Léift zu sengem Fils Milo, dee riskéiert blann ze ginn. Fir him e leschte Bléck op d'Mier ze erméiglechen, fuere si zesummen an d'Vakanz.
2 al Frënn wëllen och nees zesumme fannen a maache sech op de Wee fir 600 Kilometer a Schottland ze hiken. Einfach erzielt, ass et awer net fir de Chris and Lluis am hollännesche Film ''The North''.
Da leeft de franséische Psychothriller ''Dalloway'' u mam Cécile de France. Si spillt d'Romanautorin Clarissa, déi vun engem KI-Assistent mam Numm Dalloway begleet gëtt fir e Buch bei engem renomméierte Writer-In-Residence-Programm ze schreiwen. Allerdéngs dësen Assistent gräift ëmmer méi an dem Clarissa säi Liewen an. D'Stëmm vum KI-Assistent ass iwwregens an der Originalversioun vum Mylène Farmer.
An dann ass do nach den argentineschen Film ''Kill the Jockey''.
Eng verréckt Geschicht vum Remo an dem Abril, allen 2 Jockeyen. Allerdéngs de Remo ass um Wee no ënnen an d'Abril muss sech decidéieren tëscht Karriär a Schwangerschaft. Allen 2 schaffe si fir de Kriminelle Sirena, deen e Kappgeld op de Remo aussetzt, wéi en deiert Päerd bei engem Accident stierft an de Remo aus dem Spidol geflücht ass.
Dernieft ass och nach e Manga Film nei am Kino: ''Demon Slayer: Infinity Castle''
An am Kader vu ''Cinéma du monde'' lafen och nach 2 indesch Filmer un: ''Jolly LLB 3'' a ''Mahavatar Narsimh''.