
© NEON
Monogamie vs Polygamie, dat ass den Haaptsujet vun eisem Film vun der Woch um Radio. Ass en oppene Mariage, also wann een sech net just op säi Partner oder seng Partnerin beschränkt, d'Geheimnis fir datt e Bestietnis op laang Dauer geléngt? Splitsville liwwert d'Äntwert net, mä dofir beschten Ënnerhalung, Marie Gales
De lëschtegste Film vum Joer an déi onromantescht Komedie zanter éiweg, mat deenen Iwwerschrëfte lackelt dëse Film de Kinogänger virun de groussen Ecran. De Sujet ass elo net nei, awer ëmmer nees derwäert fir driwwer ze diskutéieren an och ze weisen, wat dat mat Mënsche maache kann, wa Koppelen, déi sech kloer sinn, datt een zwar zesummen ass, awer een net forcement monogam muss liewen.

© AFP
''Splitsville'' lieft duerch seng Personnagen, verkierpert duerch d'Dakota Johnson, déi Actrice déi ee virun allem kennt duerch ''50 Shades of Grey''. Sex kënnt och an dësem Film net ze kuerz. Mat um Bord ass och d'Adria Arjona Torres, de Michael Angelo Covino, deen och d'Regie gefouert huet an de Kyle Marvin, dee mam Covino d'Dréibuch zesummen geschriwwen huet. Wat mir hei zervéiert kréien, kann een als Screwball Comedy bezeechnen, mir erliewen exzentresch Personnagen, skurril Handlungen a séier Dialoger.
De Carey an d'Ashley sinn déi eng Koppel an de Paul an d'Julie, déi aner. Wéi d'Ashley sech scheede wëll, brécht fir de Carey eng Welt zesummen. Grond fir d'Scheedung ass d'Ontreisi vum Ashley. Wéi dunn déi eng Koppel seet, virum allen d'Julie, datt si en oppe Mariage hätten an datt een dat mam Ontreisinn dach net esou eescht misst gesinn an datt et kee Grond da fir eng Scheedung géif ginn, schéngt alles paletti. Mä Theorie ass déi eng Saach an d'Praxis déi aner, virum allem fir de Paul, dee jo anscheinend an deem oppene Mariage ass. Ma net just hien, alle 4 kommen net kloer mat der Situatioun an dorausser entsti Situatiounen, éischtens anescht an zweetens wéi ee mengt.
104 Minutten, déi net langweileg ginn. Esou geet gutt Ënnerhalung. Elo zu Lëtzebuerg an de Kinoen.