Zwee franséisch Filmer, zwou Lëtzebuergesch Co-Produktiounen, en Action-Thriller mam Leonardo DiCaprio, en Teenagerfilm, en neie Film mam Vicky Krieps an de Gewënner vun der Palme d'or; esou kann een dës Woch déi nei Filmer um groussen Ecran resuméieren, den Detail huet d'Marie Gales.

24/09/2025 Nei am Kino

Adaptéiert vun der Buchrei mam selwechten Numm, ass et elo de 4. Deel vun ''Die Schule der Magischen Tiere'', deen elo an eise Kinoen uleeft. Déi beléiften Däitsch-Éisträichesch Produktioun iwwert eng Schoulklass mat Schüler, déi all magesch Déieren hunn, mat deene si schwätze kënnen, erzielt dës Kéier d'Geschicht, datt zum Leed vun de Schüler d'Wintersteinschule soll zougemaach ginn. 

Ënnert der Regie vum Paul Thomas Anderson sinn nieft dem Leonardo DiCaprio am Amerikaneschen Action-Thriller mat absurdem Ënnertoun ''One battle after another'' och de Sean Penn an de Benicio Del Toro ze gesinn. Nodeem s eng Widderstandgrupp 200 Awanderer aus engem Prisong befreit huet, ass do de Ferguson deen a stänneger Angscht lieft, entdeckt ze ginn, well e Revanche fäert vum Colonel Lockjaw. Eng Revanche, déi och seng Duechter treffe kéint. 

Den éischten vun zwee neie franséische Filmer am Kino ass ''Classe moyenne''. Dës schwaarz Komedie beschäftegt sech mat de Klassenënnerscheeder an eiser Gesellschaft. Béis räich Leit treffen op aarm Leit, déi och béis sinn. Wien do d'Vermëttlung wëll maachen, vill Spaass!

 

Et ass méi einfach eng Millioun Euro ze klaue wéi se zréck ze ginn, esou kann een d'Geschicht am Film ''Le Million'' resuméieren. Wéi ëmmer grandios, de Christian Clavier an der Roll vum Mann vum Schlësseldéngscht.

Ausgezeechent mat der Palme d'Or zu Cannes gouf dëst Joer déi Iranesch, Franséisch a Lëtzebuergesch Co-Produktioun '' It was just an accident (Un simple accident)

De Jafar Panahi huet dëse realiséiert a behandelt d'Geschicht wat geschéie kann, wann Affer op Täter treffen.  Fréier Prisonéier am iranesche Regime mengen hiren Henker ze erkennen a wëlle Revanche huelen. Mä ass et e wierklech a wann, wat dann?

An dann ass och ''Re-Creation'' nei am Kino; eng Iresch-Lëtzebuergesch Co-Produktioun vun a mam Jim Sheridan mat ënnert anerem dem Vicky Krieps.

 

Baséiert ass de Film um Mord vun der franséischer Filmproduzentin Sophie Toscan du Plantier an Irland. Hei kréie mir et mat der Jury an dem Verdächtegen, dem Ian Bailey ze dinn. Grouss Fro am Raum, schëlleg oder net schëlleg? Do sinn se sech am Jury dann awer net all eens a wat elo?

Och nei am Kino ass ''Wisdom of Happiness'' e Schwäizer Kino-Dokumentarfilm iwwert de 14. Dalai Lama Tenzin Gyatso. 

An am Kader vu Cinema du monde leeft och nach den indesche Film ''They call him OG''.