E puer Film-Kritiker mengen, datt eise Film vun der Woch fir en Oscar kéint nominéiert ginn. Dat wësse mir spéitstens am Januar 2026 wann d'Nominéierunge kommen. Abee de Line Up am Film léisst sech scho mol weisen a ''One battle after another'', Marie Gales

27/09/2025 Film vun der Woch: One battle after another

Leonardo DiCaprio, Sean Penn a Benicio Del Toro fir elo direkt déi bekanntsten Nimm vum Film ze nennen, nieft Regina Hall, Teyana Taylor an Chase Infinity. De Paul Thomas Anderson huet dëse Film realiséiert, dëse Mann keent een och duerch  Filmer wéi Boogie Nights, Magnolia, There will be blood oder Phantom Thread. 11 mol gouf den Anderson fir en Oscar nominéiert, ma dëse Film gëtt mat Luef nëmmen esou iwwerschott, well genee dëse weise kéint, wat een den Ament mengt an den USA ze erkennen.

D'Geschicht vu ''One battle after another'' ass inspiréiert um gesellschaftskritesche Roman ''Vineland'' vum Thomas Pynchon, dee virun engem repressive Policestaat warnt. Am Film kréie mir et mam Bob Ferguson ze ginn, dëse war bei enger militanter Rebellegrupp derbäi, bei där eng Guerilla-Aktioun viru Joren schif gaangen ass. Elo verstoppt hie sech mat senger Duechter iergendwou an den USA, wou d'Autokratie grouss am kommen ass. Dëse Bob gespillt vum Leonardo DiCaprio ass op den Hond komm, duerch Drogen an Alkohol kann en net méi kloer denken a muss ech eleng duerchschloe fir seng Duechter, déi entfouert gouf, ze sichen. Op der anerer Säit ass de Colonel Lockjaw, e Faschist aus dem Bob senger Vergaangenheet a leider nees present. 

De Film kann een als Action-Thriller-Schwaarz-Komedie mat absurdem Ënnertoun erklären. Och wann ee dacks laache muss iwwert iwwerspëtzten Zeenen an iwwerdriwwe Situatiounen am Film, läit et net just drun, well se witzeg sinn, mä well se engem bekannt virkommen an een dann erféiert. Erkenntnis: Riets oder lénks, mat deenen 2 ass kee Krich- spréch Liewen ze gewannen.

Zur Zäit an eise Kinoen ''One battle after another''