
© pixabay.com
Vill nei Filmer, spezial Seancen an Avant-Première sinn dës Woch an eise Kinoen zu Lëtzebuerg. Taylor Swift Fans opgepasst, de Mega Superstar ass och 3 Deeg um groussen Ecran. Den Iwwerbléck huet d'Marie Gales.
Kee klassesche Filmtrailer, just eng Annonce vun Megasuperstar. ''Taylor Swift: Release Party of a Showgirl'', dir hutt et héieren, den 3.,4. a 5. Oktober och zu Lëtzebuerg am Kino.
Eppes fir d'Häerz liwweren d'Margot Robbie an de Colin Farrell am romantesche Fantasiefilm ''A Big Bold Beautiful Journey''. Wéi iwwer Ëmweeër sech 2 Leit fannen, ass perfekt an dësem Film an Zeen gesat.
''Avatar: The Way of Water'' ass eng Woch laang zréck um groussen Ecran, vum 1.bis de 7. Oktober. 2022 hat den James Cameron dësen 2. Deel vum Science-Fiction-Film realiséiert. Iwwregens den 3. Deel soll nach dëst Joer an eis Kinoe kommen.
Dann ass och den Documenatire ''Put Your Soul on Your Hand and Walk'' vun der Sepideh Farsi ze gesinn. Dëst ass eng Iranesch, Franséisch a Palestinensesch Ko-Produktioun a weist den Alldag a Gaza mat Hëllef vun Telefonater mat der Foto-Journalistin Fatima Hassouna, déi iwwert ee Joer gaange sinn. Am Abrëll dëst Joer ass déi jonk Fra mat hirer ganzer Famill bei Bombardementer ëm d'Liewe komm.
Keng Spuer vu Romantik ass bei'' The Long Walk'' ze sichen. Abee wa Stephen King drop steet, ass och dëst ze erwaarden, hien ass den Auteur vun der Geschicht. E Grupp vun Teenager ass beim Concours "The Long Walk" derbäi. Kënnt een net mat, gëtt een erschoss.
3 franséisch Filmer lafen dann nei am Kino: ''L'homme qui a vu l'ours qui a vu l'homme'' vun a mam Pierre Richard.
Am Thriller ''Rembrandt'' geréit d'Liewe vun enger Koppel an d'Schleideren nodeems 3 Biller vum Moler Rembrandt opgedaucht sinn.
An ëm säi Liewe muss gerannt ginn am Film ''Les Tourmentés''.
Och Nei am Kino: Den indesche Action-Drama ''Kantara A Legend Chapter 1''
Déi polnesch Komedie ''Tesciowie 3''
An de chineesesche Fantasy-Film ''A Writer's Odyssey 2''