
© pixabay.com
Vill fir Kanner an en absolutte Science-Fiction lafe vun dëser Woch un nei am Kino. An domadder net genuch, d'Marie Gales mam Iwwerbléck wat zu Lëtzebuerg an de Kinoe leeft.
D'Tron Filmer kréien eng Fortsetzung mat ''Tron: Ares''. Et ass den entretemps 3. Film an der amerikanescher Tron-Franchise an d'Suite vun ''Tron: Legacy''. Nieft Jared Leto fanne mir och den Jeff Bridges erëm, dee schonn am 1. Film mat derbäi war. Ganz kuerz resuméiert Richteg Mënschen treffen op Mënschen aus der Kënschtler Intelligenz.
''Amrum'' den neie Film vum Fatih Akin hëlt eis mat an den 2. Weltkrich mam Nanning, dee mat senger Famill, déi en plus Nazie sinn, op d'Nordséi-Insel musse flüchten.
D'Momo ass zréck am Kino, wëll heeschen, et gëtt eng Neiverfilmung vum Michael Ende sengem Buch. No 1986, dann elo nees Momo am Kino, der Zäit vun elo ugepasst. Am Mëttelpunkt ass d'Weesekand Momo, dat an engem ale réimeschen Amphitheater lieft a Frënd ass mat jidderengem. Wéi en internationale Konzern ufänkt d'Zäit ze klauen, huet kee méi Zäit fir iergendeppes. Do muss d'Momo eppes ënnerhuelen. E Film net just fir Kanner.
Da besonnesch fir Kanner: D'Serie leeft op Netflix an elo ass de Film ''Gabby's Dollhouse'' am Kino. D'Gabby an hir Kazefrënn am magesche Poppenhaus reesen op Cat Francisco an treffen op eng exzentresch Kaze-Fra.
Och den nächste Film adresséiert sech u Kanner. ''Super Grand Prix'' ass en Animatiounsfilm, dee fir de 50. Gebuertsdag vum Europa-Park produzéiert gouf, dat mat de Maskottercher Ed an Edda.
E weideren Zeechentrickfilm ass ''Mary Anning''. Dës Schwäizer/Belsch Produktioun weist déi englesch Paläontologin als Kand, déi méi spéit an hirem Liewen e Skelett vun engem Plesiosaurier entdecke wäert.
Weider nei am Kino ass de franséischen Documentaire ''Averroès et Rosa Parks''. Dëst sinn 2 Departementer am Spidol fir Psychiaterie Esquirol zu Paräis.
An deem Kader leeft och e weideren Documentaire, och aus Frankräich, ''La machine à écrire et autres sources de tracas''.
An dann ass och nach nei den italieenesche Filmdrama ''La grande ambizione'' iwwert de Kommunist Enrico Berlinguer.