
Haut ass den Optakt vum Luxembourg Film Festival. Bal 200 Seancen sinn an de nächsten 11 Deeg um Programm. D'Claudia Kollwelter huet mam artisteschen Direkter vum LuxFilmFest iwwert déi an tëscht 15. Editioun geschwat:
Wéi gewinnt ass de Programm vum LuxFilmFest ganz divers, mat souwuel Fiktiounsfilmer an Documentairen wéi och enger ganzer Programmatioun, déi der virtueller Realitéit dediéiert ass, Expoen a villes méi. Den Alexis Juncosa betount, datt déi 15. Editioun op der enger Säit dem Festival trei bleift, een sech awer och méi spezielles afale gelooss huet:
CUT 1
15 Joer gëtt et de Festival ëmmerhi schonn. A wéi wäit huet de LuxFilmFest dann evoluéiert?
CUT 2
Och wann et ëmmer schwéier ass perséinlech Highlights aus der Programmatioun eraus ze picken, huet den Alexis Juncosa puer Beispiller genannt:
CUT 3
Nei dëst Joer ass en Owend dee komplett de Serien gewidmet ass, mat 3 Lëtzebuerger Produktiounen oder Co-Produktiounen:
CUT 4
Ob deemno Serien, Fiktiounen, Documentairen oder virtuell Realitéit an Ausstellungen bitt de Festival op en neits eppes fir jiddereen.