Kierfchen.lu suergt fir eng besser Verwäertung vun eisem Uebst

© NGPM/Photostudio C.Bosseler
Kierfchen.lu – déi national Plattform ronderëm eist regionaalt a saisonaalt Uebst aus dem ganze Land.
Den Natur- & Geopark Mëllerdall setzt sech aktiv fir d’Fleeg an den Erhalt vun den Uebstbeem an. Dorënner fält och d’Verwäertung vum Uebst.
A fir dëst besser gestalten ze kënnen, huet den Natur- & Geopark Mëllerdall déi interaktiv Plattform „Kierfchen.lu“ an d’Liewe geruff.
Wat ee genee op där Plattform alles maache kann, wisou Apel net gläich Apel ass, a vill aner Interessantes ronderëm eis Bongerte gitt Dir an eisem Living gewuer.
Gidd haut schonn op Kierfchen.lu a kuckt wou den nächste Bongert an ärer Géigend ze fannen ass.
Kierfchen.lu - E Genoss!