Et hat e bësse méi laang gedauert wéi geplangt.
Haut huet dunn d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Ekipp fir déi nächst 5 Joer presentéiert.
Mat dobäi: de Lëtzebuerger Christophe Hansen vun der CSV.
D'Sozialisten an Europa an heiheem sinn net frou: si hätten mat hirem Spëtzekandidat bei den Europawalen Nicolas Schmit gär en erfuerene Lëtzebuerger an der Kommissioun gesinn.
Ma d'Kommissiounspresidentin huet der Kritik net noginn. Net nëmmen wat de Lëtzebuerger Kommissär ugeet.
Pierre Jans

17/09/2024 BAND Hansen Kommissioun -17.40- jans (INTERNET)