Presuméierte Mäerder vum rietsen Aktivist Charlie Kirk gouf festgeholl

© Photo by PATRICK T. FALLON / AFP
Déi Annonce vum US-President Trump confirméiert den Gouverneur vum Bundesstaat Utah e Freideg am Nomëtteg. Den Spencer Cox nennt den Numm Tyler Robinson.
E Familljemember vum jonke Mann hätt gehollef, der Police den Verdächtegen z'iwwerginn. Anscheinend hätt de presuméierten Täter als éischt sengem Papp seng Dot gestanen.
De Robinson wär rezent méi politesch ginn an hätt den Aktivist Kirk net kënne leiden. Och op Hülsen vu Patrounen wäre Messagen agravéiert gewiescht ewéi "Hey Faschist, fänk op."

© Photo by PATRICK T. FALLON / AFP
"Ech denken, mir hunn en", huet den Trump kuerz virun der offizieller Annonce nach an engem Interview gesot. An deem Interview op der Chaîne Fox News huet den Trump gesot, hie géif hoffen, dass den Täter d'Doudesstrof kritt.
Zanter en Donneschdeg den Owend war ëmmer méi Videomaterial vum Verdächtegen virun an nom déidleche Schoss op de Kirk publizéiert ginn. Den FBI wollt de Verdächtegen esou identifizéieren.