1.529 Jonker hu sech fir dësen Dag ageschriwwen. Nei vun dësem Semester un ass de Studiegang fir Hiewan, mat deem d’Uni.lu hir Formatiounsoffer erweidert.

Vill grouss Aen, laachend Gesiichter an opgereegte Gespréicher waren um Welcome-Day, wou et eng Hellewull un Informatiounsstänn, iwwer ënner anerem, Wunnméiglechkeeten, Studiegäng an d‘Studenteliewen zu Lëtzebuerg, gouf. Foodtrucke, Musek a Live-Optrëtt hu fir eng locker Atmosphär gesuergt, wärend Guidë mat de Studenten een Tour duerch d’Bibliothéik an de Campus gemaach hunn. De Welcome-Day soll de Start an d‘Studenteliewen vereinfachen. d‘Uni.lu huet dëst Joer eng Ronn 1.500 nei Studente bäikrut, aus iwwer 100 verschiddenen Natioune. Vill vun hinnen si virwëtzeg dorop, wat elo alles op si duerkënnt.

Als Student brauch een natierlech och en Daach iwwer dem Kapp. Fir zu Lëtzebuerg eng abordabel Wunneng ze fannen, ass awer guer net esou einfach. Vill vun hinne stinn op enger Waardelëscht fir eng Studentewunneng. De Jens Kreisel, Rektor vun der Uni.lu, bedauert, dass de Projet “Porte de France” um Belval, wou néi Studentewunnenge sollte geschaaft ginn, wuel net Realitéit gëtt.

„Es ist natürlich keine schöne Neuigkeit, dass diese Studentenwonungen nicht kommen werden, aber ich weiss, dass es Gespräche gibt, die an einer anderen Stelle, in einer anderen Form zu kriegen. Wir arbeiten auch ganz stark mit unserer Administration zusammen, neue Projekte zu haben. Wir haben heute in etwa Tausend Studentenwohnungen. Sind also im europäischen Mittelfeld. Aber es bleibt eine schwierige Frage und ich versteh das auch persönlich für jeden Student, der kommt.“

Vun dësem Semester u kann een op der Uni.lu och Hiewan studéieren. Domat wëll een op de Manktem u Personal am Gesondheetswiese reagéieren a gläichzäiteg d‘Auswiel u spezialiséierte Formatiounscoursen am Land vergréisseren. Dr. Anabelle Pierron ass Hiewan an hält Coursen an dësem neie Studiegang.

„Cette formation va permettre une autonomisation de l‘exercice de la profession de la sage-femme dans le cadre de la physiologie, et va permettre aussi de construire un partenariat avec les départements de formation des autres professions de santé.“

Fir dësen neie Bachelor hu sech 21 Leit ugemellt. An de Kandidaturen hätt ee gesinn, dass besonnesch den Interessi do ass, fir eventuell nom Bachelor an dësem Beräich weiderzefuerschen. Ganz vill Studente kommen op Lëtzebuerg studéiere fir ze bleiwen. Tëscht 60 a 70 Prozent vun hinnen bleiwen no hirem Studium am Grand-Duché.