Wien heiansdo iwwert d'Lëtzebuerger Stroosse fiert, dee weess, datt den Trafic zäitweis extrem ass. Nieft den Autoe sinn och vill Camionen ënnerwee. Wann et den Intressevertrieder vum Logistiksecteur nogeet, wäert d'Unzuel vun de Camionen erofgoen, d'Gefierer géingen dofir awer méi laang ginn. Aktuell sinn déi sougenannten Ecocombien am Grand-Duché nach verbueden. Se ze erlabe wier awer net nëmme gutt fir d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie, mee hätt och eng Partie positiv Nieweneffekter. D'Kritik, déi et un deene laange Gefierer gëtt, wier iwwerdeems falsch, Marc Hoscheid

20/09/2024 BAND Ecocombien 07h40 (online) OK!!!!!