Wou ass de Lëtzebuerger Filmsecteur drun a wou soll en an Zukunft histeieren? Ënnert anerem dorëm ass et haut op den Assise vum Filmsecteur am CNA zu Diddeleng gaangen. Zil war et, datt déi Professionell aus dem Filmberäich sech austauschen an u Pisten geschafft gëtt fir de Secteur an de nächste Joren ze stäerken. Et wier ee wäit komm an de leschte Joren huet et ënnert anerem geheescht, ma d'Erausfuerderungen gi net manner, Claudia Kollwelter

20/09/2024 Assisen Filmsecteur 17h40 - Rep. Claudia Kollwelter