Dës Woch stoung souwuel an der Grondschoul wéi och am Lycée d'Rentrée um Programm. Och am Lycée zu Bouneweg drécken déi Jonk elo nees d'Schoulbänk. Zanter engem Joer huet d'Schoul een neien Direkter an zanter kuerzem och een neien Numm. Se heescht net méi Lycée technique de bonnevoie, mee Bouneweger Lycée Luxembourg. An een neit Gebai wëllt een a sechs Joer plënneren. Vill Verännerungen also fir ee Lycée, dee mat engem bëssi méi schwieregen Image ze kämpfen huet. Dat awer zu Onrecht, wéi den Direkter mengt. De Marc Hoscheid war sech op Bouneweg ee Bild maachen.

21/09/2024 BAND Lycée Bouneweg 07h40 (online) OK!!!!!