
Tëscht 1939 an 1945 huet d'SS-Sonderlager Hinzert am Hunsrück bestanen. Et geet een dervun aus, datt an där Zäit méi wéi 13.500 Mënschen do inhaftéiert waren, op mannst 321 goufen ëmbruecht. Well Hinzert just knapp 50 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech läit, goufen och vergläichsweis vill Leit aus dem Grand-Duché do internéiert. 1.600, vun deenen der méi wéi 85 d'Lager net iwwerlieft hunn. 79 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich gouf, wéi ëmmer um 3. Samschdeg am September, un d'Affer vum Hinzerter Lager geduecht. De Marc Hoscheid war fir eis bei der Commemoratioun an der Gedenkstätte Hinzert mat dobäi.
23/09/2024 BAND Commemo Hinzert 07h15 (online)
Am meeschte gelies