Nieft der Pensiounsdebatt gëtt et elo Diskussiounen iwwert d’Gesondheetskees. Well d’finanziellt Lach bei der CNS dëst an déi nächst Joere waert méi grouss ginn, huet d’Sozialversécherungsministesch Martine Deprez gëschter no enger Quadripartite zu Diddeleng, Diskussiounen am Abrëll-Mee ugekenegt. 

Fir dëst Joer rechent d’CNS mat engem finaziellen Defizit vu ronn 38 Milliounen Euro. D’Joer drop kéint d’Lach op 161 Millioune wuessen. An dat gëtt déi Joeren drop net vill besser... Fränz Aulner

07/11/2024 BAND Quadripartite 07h15 (Online)