
© Marc Hoscheid
"Wat stëmmt an der Kannerbetreiung vun der Gemeng Esch-Sauer net?" Déi Fro gëtt an engem anonymme Schreiwes, dat un RTL geschéckt gouf, opgeworf. An deene leschten zwee Méint hätt bal d'Hallschent vum edukative Personal gekënnegt, zudeem wiere Leit wéinst Depressiounen am Krankeschäin. Et gëtt sech dann och nach gefrot, wat dat fir d'Qualitéit vun der Betreiung vun de Kanner bedeit. De Marc Hoscheid huet zu Esch-Sauer nogefrot.
Zanter dem 1. Abrëll huet d'Gemeng Esch-Sauer eng nei Schoul. Méi genee ee ganze Schoulcampus mam Numm "Am Ale Bësch" an der Entrée vun Eschduerf. E Freideg gouf de Site offiziell ageweit. Zanter dem 1. September gëtt d'Maison relais Kannerstuff net méi vun der Gemeng mee vum sozialen Déngschtleeschter Elisabeth bedriwwen. Zanterhier hätt et massiv Changementer um Niveau vum Personal ginn. Ma firwat huet d'Gemeng dee Service iwwerhaapt ofginn? D'Schäffin Mireille Welter nennt den Haaptgrond:
"De Wuesstem vun eise Kannerzuelen an der Maison relais. Mir komme vun enger klenger Struktur Maison relais op ee grousse Schoulcampus mat méi Kanner, mat méi Erausfuerderungen an dowéinst den Entschloss, an déi Richtung ze goen."
Dat wier a klengen, ma och a mëttelgrousse Gemenge mëttlerweil Usus. Engersäits géing den Opwand ëmmer méi grouss ginn an anerersäits kéinten d'Gemengen einfach net séier genuch reagéieren, wa Personal ausfält. Um Site zu Eschduerf ginn elo iwwert 200 Kanner betreit. Déi 16 Leit, déi virum Wiessel an der Maison relais geschafft hunn, haten de Statut vum Gemengebeamten. Wéi Elisabeth d'Struktur iwwerholl huet, hate si de Choix, dee Statut ze behalen oder ee sougenannten SAS-Kontrakt, also de Kollektivvertrag vum Fleegesecteur, ze ënnerschreiwen. De Michael Schenk ass bei Elisabeth Responsabel fir d'Maisons-relaisen a gëtt zou, datt Leit, déi ee Kontrakt mat der Gemeng haten, d'Aarbechtsplaz gewiesselt hunn. Ma firwat wollte se da weder hire Kontrakt mat der Gemeng behalen nach op een SAS-Kontrakt wiesselen?
"Si hunn och Berechnunge kritt, wat dat fir si géing heeschen. Natierlech komme Leit, déi Non-qualifié sinn, am Gemengekontrakt vill besser ewech. Dat hänkt wierklech vun der perséinlecher Situatioun of. Et ass awer och sou, datt d'Gemreng de Message ginn huet, datt déi, déi am Gemengekontrakt sinn, datt do keng Ännerung méi vum Kontrakt géing virgeholl ginn. An do si sécher Leit, déi op anere Plaze besser Kontrakter kritt hunn, déi da gewiesselt sinn."
Dat wier am Secteur och net ongewéinlech. Vill Leit hätte Kontrakter mat wéinege Stonnen an géinge wiesselen, wa se op enger anerer Plaz méi Stonnen ugebuede kriten. Am anonymme Schreiwes heescht et, datt vu 16 Leit der 7 bannent zwee Méint gekënnegt hätten. Dat stëmmt Mireille Welter no awer net.
"Dat kann ech net sou am Raum stoe loossen. Et si Changementer an eiser Maison relais geschitt, mee dat sinn awer lo net 7 op 16. Dat heescht, mir hate Leit agesat, fir ee Congé parental ze ersetzen, mir hate Leit agesat, fir Krankheetsfäll ze ersetzen, déi Leit sinn natierlech rëm zeréckkomm an déi aner si gaangen. Mir hu Changementer gehat vu Leit, déi sech fir eng aner Direktioun entscheet hunn, dat hu mer natierlech akzeptéiert."
Et hätte fënnef Leit gekënnegt, dat awer net an deene leschten zwee Méint, mee vum Ufank vum Joer un. Da stellt den Auteur vum Schreiwes an engem Telefonsgespréich och nach ee Reproche an de Raum, deen och op Facebook zirkuléiert. D'Gemeng hätt den 1. Abrëll eng nei Chargée de direction installéiert, déi net fir de Poste gëeegent gewiescht a just agestallt gi wier, fir Mataarbechter mam Statut vum Gemengenaarbechter erauszëeekelen, well Leit, déi an Zukunft nei agestallt ginn, een SAS-Kontrakt ugebuede kréien. Déi Chargée de direction gouf du relativ kuerz nodeems Elisabeth iwwerholl hat, entlooss. D'Mireille Welter weist de Virworf vum Mobbing iwwerdeems zeréck.
"Déi Chargée war eng jonk dynamesch Madamm, déi natierlech ee groussen Challenge viru sech hat, een neie Schoulcampus, eng nei Ekipp. Awer op kee Fall kann ech Iech dat confirméieren, déi Persoun huet net déi Charakterzich, fir esou eppes ze maachen."
Och de Michael Schenk hält dee Reproche fir aus der Loft gegraff. Hien hätt et ëmmer esou erlieft, datt fir de Schäfferot d'Wuel vun de Kanner un éischter Plaz stoe géing.
OFSO: Esouwuel déi Responsabel vun der Gemeng wéi vun Elisabeth betounen dann nach, datt d'Wuel vun de Kanner fir si un éischter Plaz stoe géing.