Déi Lëtzebuerger Arméi huet gëschter traditionell Mäertesdag gefeiert. Den 11. November ass nämlech den Namensdag vum Hëllege Mäerten, dem Schutzpatréiner vun den Zaldoten. Et wier eng Zäit vun immensen Erausfuerderunge fir d'Arméi. De russeschen Iwwerfall op d'Ukrain hätt kloer gemaach, datt d'NATO a speziell Europa méi an d'Verdeedegung investéiere missten. Dobäi stellt sech fir Lëtzebuerg esouwuel de Problem, sënnvoll Projeten, wéi och dat passend Personal ze fannen. De Marc Hoscheid war um Härebierg mat dobäi.

12/11/2024 BAND Mäertesfeier vun der Arméi 07h40 (online)