Mam Mathis Godefroid vun Hesper ass dës Woch ee weidere Gemengeconseiller aus der Piratenpartei ausgetrueden. Hien huet dee Schrëtt mat der Affär ronderëm d'Iwwersetzungsapp MALT an dem Vertrauensverloscht vun de Bierger an d'Partei begrënnt. An engem Mount wëllen d'Piraten sech op engem Kongress nei Statutte ginn a sech och un der Spëtzt nei opstellen. Ma déi tëschemënschlech Problemer dierfte bleiwen, Marc Hoscheid.

14/11/2024 BAND Piraten Naufrage 07h40 (online)

De Lëtzebuerger Rechnungshaff, de Lëtzebuerger Parquet an den europäesche Parquet, eng Rëtsch Kontrollinstanze respektiv Autoritéiten interesséiere sech dofir, ob bei MALT alles korrekt ofgelaf ass oder net. De Mathis Godefroid ass ganz offensichtlech der Meenung, datt dat net de Fall war. Zu engem ganz groussen Deel wier dat d'Schold vum Deputéierte Sven Clement. Deen hätt zwar kleng Feeler zouginn, mee dat wier him awer net genuch gewiescht.

"Ech hat ëmmer e bëssi d'Hoffnung, datt duerch dat, wat och an der Parteileedung vun deenen anere Mandataire komm ass, datt do vum selwen eng komplett Asiicht géif kommen. Wéi de Marc Goergen jo och ëfters ëffentlech betount, datt déi Affär schlecht fir eis ass. De finale Punkt vun der Asiicht huet fir mech gefeelt."

An dobäi wier de Sven Clement nu ebe mol net einfach een normale Member, mee quasi d'Gesiicht vun der Partei. 

An engem Mount stëmmen d'Piraten op engem Kongress iwwert nei Statutten of. An deene leschte Wochen a Méint goufen dës vun der Parteileedung deelweis wéi eng Zort Wonnermëttel verkaaft, dat d'Schëff rëm a méi roueg Gewässer féiere kann. Un deene Statutten huet och de Mathis Godefroid matgeschafft. Mee wat um Pabeier steet a wat wierklech gelieft gëtt, wieren zwou verschidde Saachen.

"Ech mengen all ASBL huet Statutten, mee da muss ee sech och mol fir d'éischt un d'Statutten halen. Et kann een hei ee schéinen Text schreiwen, mee da muss ee sech och drun halen. An déi Statutten, déi d'Piraten elo hunn, un déi gouf sech och net ëmmer expressis verbis gehalen. Des Weidere si Statutte jo och geduecht, fir Rahmebedingungen ze schafen, awer fir trotzdeem sou large wéi méiglech ze sinn, datt ee se kann interpretéieren, wéi ee wëllt."

Och den zweete Piraten-Deputéierten a Coordinateur vun der Partei, Marc Goergen, mengt net, datt et mat neie Statutte gedoen ass.

"Sou laang net jiddereen agesäit, datt een den Dossier MALT muss zeréckbezuelen, opklären a quasi de Feeler agestoen, ass et schwiereg, fir rëm Rou an déi Partei ze kréien. Ob de Sven iergend eng kéier bereet ass, dee Schrëtt ze maachen an op d'Partei zouzekommen an ze soen, hei dat wat deemools gelaf ass, dat war richteg Mëscht, et deet mer leed, datt ech dat deemools gemaach hunn, komm mer fänke rëm bei Null un, ech erkenne meng Responsabilitéit un, an déi puer wou et deemools mat him gemaach hunn, et gëtt schwéier."

Am Fong wollt de Marc Goergen net méi als Coordinateur kandidéieren. Mee well säi potenziellen Nofollger Mathis Godefroid aus der Partei ausgetrueden ass, kann hie sech dat op eemol awer rëm virstellen.

"Fir mech war jo de Mathis deen, deen ab dem Kongress meng Aufgaben hätt sollen iwwerhuelen. Ech fannen, datt hien dat super hätt kënne maachen, dat ass lo net méi méiglech, leider. Et si lo och schonn aner Piraten, déi u mech erugetruede sinn, datt ech mer dat nach eng Kéier soll iwwerleeën, fir awer weiderzemaachen. Well wann ech lo net méi als Coordinateur géing weidermaachen, géing rëm ee grousst Lach gerappt ginn an dat géing der Partei och rëm net weiderhëllefen. Ech sinn nach am gaangen doriwwer nozedenken, well Dir kënnt Iech virstellen, datt et am Moment net dee schéinsten Job op der Welt ass."

Et wéilt ee sech awer op alle Fall méi breet opstellen an d'Responsabilitéit op méi Schëllere verdeelen. Déi nei Statutte ginn elo geschriwwen an de 25. November an der Parteileedung finaliséiert. Den 1. Dezember gëtt online iwwert d'Statutten an de 7. Dezember online iwwert déi nei Spëtzt ofgestëmmt. Déi Resultater sinn awer net decisiv, um Enn zielt dat, wat um Kongress de 14. Dezember decidéiert gëtt.