Dëst Joer ass d’Police méi wéi 1.000 Mol wéinst haislecher Gewalt geruff ginn. Experte ginn dovun aus, dass d’Zuel vu Fäll déi net gemellt ginn, e gutt Stéck méi héich ass. Besonnesch vulnerabel fir dës Zort vu Gewalt si Fraen, déi als Immigrantinnen an d’Land komm sinn an nach kee séchere Statut hunn. Dat hält si dacks dovun of bei d’Police ze goen.

Dogéint wëllen d’Associatiounen Doktere vun der Welt a Passerell elo virgoen. Déi concernéiert Frae solle besser informéiert ginn. Carla Schuller.

20/11/2024 Hands Off Broschür Carla Schuller (Internet)