An der Chamber haten d’Deputéiert haut ganz jonke Besuch. D’Schüler aus 9 Klasse vum Cycle 3 an 4 aus dem ganze Land waren am Kader vun der Initiativ “Zuch vun der Demokratie” um Krautmaart. Si hunn enger Rei Deputéierten hir Iddie presentéiert, déi an hiren Aen onbedéngt sollten ëmgesat ginn. D’Carla Schuller war fir eis mat dobäi.

22/11/2024 Zuch vun der Demokratie / Carla Schuller (Internet)

Et war schonn déi 7. Editioun vum Zuch vun der Demokratie. 123 Schüler sinn aus de Grondschoule vu Beetebuerg, Bartreng, Izeg, Noumer, Lampertsbierg a Wolz an d’Stad komm. D’Kanner hu vill verschiddenen Iddie matbruecht, vu Klassenhënn bis zu inklusive Spillplaze fir Kanner mat Behënnerung. Am Laf vum Projet ass et awer kloer ginn, dass et hinne wichteg ass, d’Demokratie ze erhalen an sech ze bedeelegen. Dëst seet vill iwwer déi nächst Generatioune vu Wieler aus, sou de Chamberspresident Claude Wiseler :

“Ech mengen, dass wann een kuckt, wat d’Kanner alles soen. Bei hinnen ass d’Suerg ëm den aneren, d’Inklusioun, de Respekt virun anere grouss geschriwwen. Déi Valeure vun eiser Gesellschaft si scho ganz staark bei hinne vertrueden. Ech fannen dat flott a wichteg.”

D’Schüler hu presentéiert wat Demokratie fir si ass, wéi e Politiker an hiren Ae soll sinn a wat si wëllen änneren. Virun allem goufen d’Politiker mat groussen Ouere gemoolt, fir dass si de Kanner besser nolauschtere kënnen. Allgemeng haten d’Kanner d’Impressioun, datt d’Deputéiert hinnen nogelauschtert hunn.

“Ech hunn fonnt, dass eis Iddië gehéiert goufen, well die zwee Politiker wëllen och Freides eng Kéier bei eis an d’Schoul kommen, fir mat dem Kannergemengerot eis Punkte ze beschwätze.”

“D’Mandy sot, dass hatt gäeren den Kanner hier Iddien nolauschtert.”

“Et huet mir Spass gemaach an och eis eege Meenung ze soen an nogelauschtert ze kréien, war flott.”

Am Kader vun dësem Projet hunn d’Schüler d’Méiglechkeet ze gesinn, wou d’Gesetzer, déi och sie betreffen, gestëmmt ginn. Iwwert dee Wee soll d’Distanz ofgebaut ginn, déi verschidde Kanner zur Politik empfannen. D’Diskussiounen hunn ausserdeem bewisen, dass verschidde Suergen ëmmer rëm kommen. D’Michèle Schilt, stellvertriedend Direktesch vum Zenter fir politesch Bildung erkläert :

“Et gi Saachen déi d’Kanner ëmmer rëm opbréngen, wéi zum Beispill Gerechtegkeet. An dann stellt een awer och fest, dass Kanner op d’Aktualitéit reagéieren. Wa Krich ass, da schwätzen d’Kanner vill méi dovun, wéi an Zäiten wou ebe kee Krich an Europa ass. Si reagéiere mat hiere Suergen op dat wat och den Recht vun den Leit reagéiert, si maache sech Suergen em Sëcherheet. Si maache sech Suergen ëm d’Ëmwelt, dat ass wierklech e grousst Thema bei Kanner an der Grondschoul.”

Am direkten Austausch kënnen d’Kanner awer hier Suerge mat deenen deelen, déi eppes ënnerhuele kënnen. Verschidde vun deene Punkte solle spéider an der Bildungskommissioun beschwat ginn.

Zum Schluss hunn d’Kanner de Politiker nach un d’Häerz geluecht, hier Aarbecht gutt ze maachen. Soss géife si se net méi wielen.