43,5 Milliounen Euro kaschten d'Renovatiouns- an Ausbauaarbechte vun der Stater Cinemathèque. An engem decke Joer soll de Chantier ufänken a viraussiichtlech bis Februar 2029 daueren. Wat ass genee geplangt a wat erwaart de Public wann de Projet bis ofgeschloss ass? D'Claudia Kollwelter huet nogefrot
D'Séil vun der Stater Cinemathèque, wéi ee se kënnt, soll déi nämmlecht bleiwen, huet den Direkter Claude Bertemes kloer betount:
Nee, hei si mer ganz, ganz virsiichteg. Den Esprit bleift 100 %.
De Sall u sech ännert also net, mee Punkto Technologie an Installatiounen ginn Adaptatiounen gemaach. De Georges Bildgen, Responsabel vun den Archiven vun der Cinemathèque:
Mir wäerten d'Achs vun der Projektioun veränneren, mir wäerten ee bessere Wénkel hunn, wat natierlech dann op d'Qualitéit vun der Projektioun sech och direkt wäert bemierkbar maachen an natierlech och alles, wat d' Akustik ugeet, respektiv d' Touninstallatioun, déi natierlech nei gemaach gëtt, wou och fir de Spectateur duerno wäert een Ënnerscheed ze mierke sinn.
D'Frequentatioun hätt iwwert déi lescht Joer zougeholl. De Claude Bertemes:
Also wann een dat eng Kéier mol rechent tëschent wou ech ugefaangen hunn an hei, also dat huet sech wierklech verfofzéngfacht oder esou op dee Genre. Dat heescht, mir hunn och en neie Public, e jonke Public, ee Jonken, deen entdeckt, dass et eppes anescht ass, eppes an engem Kino, deen esou magesch ass ze gesinn, wéi doheem Popcorn iessen a gläichzäiteg ze kucken.
Dofir och d'Iddi vun engem zweeten, zousätzlechen Sall mat ronn 180 Plazen, mat deem een dem Georges Bildgen no och nei Opportunitéiten huet:
Ech mengen, datt mer méi Flexibilitéit wäerten hunn an der Programmatioun, awer och natierlech mat externe Partner. An d'wäert eis ass einfach immens vill méi Méiglechkeete ginn, fir tëschent vläicht der Patrimoinesprogrammatioun an de méi aktuelle Saachen ze spillen.
Duerch e Lift gëtt d'Aarbecht fir d'Projektionisten e gutt Stéck méi einfach, mee domat erméiglecht een och de Leit à mobilité reduite den Zougang zum Kinossall mat sengem ganz speziellen Esprit.Och eng Brasserie ass am Projet virgesinn, fir datt een virun oder no der Projektioun nach eppes iesse kann an iwwert de Film diskutéiere kann. D'Aarbechten sollen gutt 4 Joer daueren, an deenen de Public awer net soll vernoléissegt ginn. Mam Kapuzinertheater zum Beispill huet een schonn e Kompromëss fonnt fir Projektioune kënnen ze maachen, mee net just:
Mir hunn eng ganz Partie Pisten, déi mer amgaang sinn iergendwéi ze "beackeren", wou ech elo awer leider nach net doriwwer ka schwätzen, well et ze fréi wär, mee awer et ginn zumindest eng ganz Partie Iddien. An ech mengen do wäerten sech nach eng ganz Partie Saachen opmaachen.
De Claude Bertemes ass sech bewosst datt et e grousse Schratt ass, deen een hei mécht. Et ass ëmmerhin eng Vergréisserung an dofir och en Challenge, deen een awer ganz positiv a mat Virfreed géif ugoen.