"Et ass net näischt, mä et ass net vill méi .. wéi näischt. "
Dat seet d'Directrice vun Natur an Ëmwelt, d'Claudine Felten, iwwert d'Resultater vun der COP 29 zu Baku.
Ëmweltschutzorganisatiounen hate gefuerdert, datt de Budget fir Entwécklungslänner, fir de globale Süden substantiell gehéicht gëtt. Déi 300 Milliarden Dollar d'Joer, déi elo bei de Verhandlungen am Aserbaidschan eraus komm sinn, sinn aus der Siicht vun Organisatiounen déi sech fir d'Ëmwelt asetzen éischter eng Drëps op de waarme Steen, Dany Rasqué

26/11/2024 Natur an Emwelt iwwer Cop 29 DR Online